Torus
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Torus (Plural: Tori) ass eng geometresch Gestalt, déi d'Form vun engem Schwammreef oder engem Donut huet.
Méi genee gëtt ënnerscheet tëscht:
- agebett Tori: Si entspriechen der Fläch vun engem Volltorus (kuckt ënnen) (respektiv engem Reef) als Deelmeng vum dräidimensionale Raum.
- flaach Tori: Si ënnerscheede sech aus topologescher Siicht net vun agebetten Tori, sinn awer net gekrëmmt a loosse sech dofir och net als Deelmeng vum dräidimensionale Raum beschreiwen, mä als Quotienteraum vun der Fläch oder als kartesescht Produkt vun zwéi Kreesser.
- Volltori: Si entspriechen engem gefëllten agebettenem Torus (kuckt uewen) (respektiv engem gefëllte Reef) als Deelmeng vum dräidimensionale Raum. Si sinn also geometresch Kierperen.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Torus – Biller, Videoen oder Audiodateien |