Goddard Space Flight Center

Vu Wikipedia
Vue iwwer de GSFC 2010
De GSFC start all Joer ronn 35 vun dësen heliumgefëllte Héichtefuerschungsballonen

De Goddard Space Flight Center (GSFC) vun der NASA steet zu Greenbelt am Prince George's County am amerikanesch Bundesstaat Maryland. Bis an d'Haaptstad Washington D.C. sinn et nëmme 6,5 km. Weider Ariichtunge sinn de Wallops Flight Facility am Staat Virginia.

De GSFC ass e wëssenschaftleche Fuerschungslaboratoire fir onbemannt Raumfaart a gouf nom amerikanesche Pionéier fir Rakéitenundriffstechnik Robert Goddard genannt. Et gouf den 1. Mee 1959 gegrënnt.

Am GSFC ass de World Data Center for Satellite Informations (WDC SI), dee weltwäit all Raumfluchkierper registréiert, an den National Space Science Data Center denn d'Fuerschungsresultater an aner Donneeën vun an iwwer Raumfluchkierper publizéiert.

D'Registréierung geschitt mat Hëllef vun enger Nummeréierung vun de Satellitten a Sonden, et handelt sech bei der Spacecraft ID (SCID) ëm eng 8 oder 10 Bits laang Binärzuel, déi vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS) agefouert a standardiséiert gouf.

Wëssenschaftlech Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Goddard Space Flight Center – Biller, Videoen oder Audiodateien