Swift (Satellit)

Vu Wikipedia
Swift
De Fuerschungssatellit Swift
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
Apogeum 604 km
Perigeum 584 km
Bunnschréi 20,6°
Mass 1331 kg
Bunn-Ëmlafzäit 96,6 min
Start 20. November 2004, 17:16 UTC
Startplaz Cape Canaveral LC-17A
Drorakéit Delta II 7320-10C D-309
Status aktiv
De Swift beim Montéieren
De Swift start u Bord vun
enger Delta II 7320-10C.

Swift, och Explorer 84 oder Swift Gamma Ray Explorer, ass e Fuerschungssatellit vun der NASA mat brittescher an italieenescher Bedeelegung, dee Gammablëtzer detektéiert an ënnersicht. De Swift gouf den 20. November 2004 vu Cape Canaveral mat enger Rakéit vum Typ Delta II 7320-10C gestart an ass an engem kreesfërmegen Orbit zirka 600 km iwwer der Äerduewerfläch mat enger Bunnschréi vun 20,6°. De 1470 kg schwéieren a 5,57 m grousse Satellit huet kee Verbrauchsmaterial u Bord. Hie gëtt vun zwou Solarzellenfläche mat 5,41 m Spanwäit a 1040 Watt Leeschtung gespeist. Eng Héichrechnung hat erginn, datt hie bis d'Joer 2022 funktiounsfäeg bleiwe kéint.[1]

De Betrib war ufanks op zwéi Joer ugesat. D'Missioun gouf fir d'éischt op weider véier Joer verläengert,[2] an duerno ëm weider zwéi Joer bis den 30. September 2012. D'NASA ënnersicht am Ament, ob d'Missioun bis 2016 verläengert ka ginn.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Zil vum Swift ass fir sou séier wéi méiglech kuerzlieweg Gammablëtzer ze lokaliséieren. Domat solle weider Observatiounen nach iwwer dem Noliichte vum Gammablëtz op de richtegen Objet geriicht kënne ginn. De Burst Alert Telescope (BAT) detektéiert Gammablëtzer am Photonenenergieberäich vu 15 bis 150 keV) an huet e wäit Siichtfeld vu ronn 2 Steradianten (ongeféier 90°). Ronn 100 Gammablëtzer solle pro Joer detektéiert ginn. D'Instrument kann d'Positioun vun engem Gammablëtz um Himmel op eng bis véier Bouminutte genee bestëmmen. Doduerch kann den X-Ray Telescope (XRT) op d'Quell vum Gammablëtz geriicht ginn an d'Noliichten am Röntgenberäich ënnersichen. Dat Röntgenteleskop, dat am Beräich vu Photonenenergië vun 300 eV bis 3 keV schafft, bestëmmt d'Positioun vun der Quell op 3 bis 5 Bousekonne genee an hëlt och Röntgenspektren op. Schliisslech kann d'ultraviolett/optical Telescope (UVOT), en Teleskop mat 30 cm Spigelduerchmiesser, dat am opteschen an am ultraviolette Beräich (170 bis 650 nm Wellelängt) schafft, op d'Quell geriicht ginn an hir Positioun bis op 0,3 Bousekonne genee bestëmmen. Och Spektre gi mat dësen Teleskop opgeholl.

Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

  • De 4. September 2005 gouf dee bis dohi stäerkste jee dokumentéierte Gammablëtz gemooss (Distanz: ca. 13 Milliarde Liichtjoer).
  • Den 18. Februar 2006 gouf mat 33 Minutten dee bis elo bei wäitem längste Gammablëtz vun engem 440 Millioune Liichtjoer distanzéierten Objet gemooss.
  • Den 19. Mäerz 2008 gouf dee bis dohi stäerkste Gammastralen-Ausbroch, katalogiséiert als GRB 080319B, observéiert. Hie war 2,5 Millioune Mol méi hell wéi déi liichtstäerkst bis dohin observéiert Supernova.[3]
  • Den 23. Abrëll 2009 gouf deen am wäit ewech leiende Gammablëtz mat enger Distanz vun 13,1 Milliarde Liichtjoer registréiert.
  • Den 21. Juni 2010 gouf deen absolut stäerkste Gammablëtz mam der Bezeechnung GRB 100621A registréiert. Dësen hat d'Moossinstrumenter vum Swift kuerzzäiteg ausfalle gelooss.[4]
  • Den 3. Juni 2013 gouf de Gammablëtz mat der Bezeechnung GRB 130603B registréiert[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Swift (Satellit) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Swift Newsletter 3/2006: Swift sollte bis 2022 funktionsfähig bleiben (en)
  2. Omicron: (en) Betrieb von Swift um 4 weitere Jahre verlängert, ofgeruff de 7. Abrëll 2008
  3. Spiegel Online: Riesige Sternenexplosion fotografiert - Forscher überwältigt, 21. Mäerz 2008
  4. Spiegel Online: Kosmisches Mega-Ereignis - Strahlungsblitz lässt Nasa-Satellit erblinden, 16. Juli 2010
  5. Spiegel Online vom 4. August 2013: Mächtiger Gammastrahlenblitz: Das Geheimnis von GRB 130603B