Steradiant

Vu Wikipedia
Steradiant
Eenheetenzeechen
Physikal. Gréisst Raumwénkel
Formelzeechen
Dimensioun
System SI
SI
Genannt no „raimlech“ an radius, „Stral“
ofgeleet vun Radiant
Kuckt och Quadratgrad

De Steradiant, och Sterad ass eng Moosseenheet fir de Raumwénkel. Am SI-Eenheetesystem ass et eng ofgeleet Moosseenheet. D'Eenheetenzeeche fir de Steradiant ass sr.

Op enger Kugel mat 1 m Radius ëmschléisst e Steradiant eng Fläch vun 1 m² op der Kugeluewerfläch. De Raumwénkel vun der ganzer Kugeluewerfläch ass 4π sr.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

Definitioun vum Steradiant

Ginn ass eng Kugel mam Radius . Dann ass e Steradiant de Raumwénkel, dee vun der Kugelmëtt aus gesinn eng Kugelsegment mat der Fläch pè der Kugeluewerfläch anhëllt. Dëse Raumwénkel léisst sech berechnen als Fläch vum Kugelsegment dividéiert duerch d'Quadrat vum Radius :

D'Divisioun bewierkt, datt de Raumwénkel net vum Radius vun der gekuckter Kugel ofhänkt.

Beispill

De Raumwénkel vun engem Kegel, deen aus enger Kugel mat Radius 3 m eng Deelfläch () vun 13,5 m² erausschneit, ass .

Bezitt sech de Raumwénkel op e Kreeskegel vum Kugelmëttelpunkt aus, sou kann een hien am Schnëtt duerch d'Kugelmëtt als flaache Wénkel gesinn. Aus der Bezéiung fir d'Fläch vun der Kugelkap vum Kegel an dem Wénkel léisst sech follgenden Zesummenhank ofleeden:

.

Den Ëffnungswénkel vun engem Kegel, deen de Raumwénkel 1 sr ofdeckt, ass zirka 65,54 °.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Am SI war ufanks opgelooss ginn, ob de Steradiant an de Radiant ofgeleete Eenheete oder Basiseenheete sinn; fir béid gouf d'Klass vun den "ergäenzenden Eenheete" geschaf. 1980 gouf vum CIPM virgeschloen, dës ergäenzend Eenheete als ofgeleete ze interpretéieren. Dem folgte 1995 gouf vun der CGPM an der Resolution 8 d'Ophiewung vun der Klass vun den ergäenzenden Eenheeten, beschloss.

D'Eenheetenzeechen "sr" ass 1950 vum CIPM festgeluecht ginn. Fréier goufen och d'Zeechen "str" an "sterad" benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steradian – Biller, Videoen oder Audiodateien