Quadratgrad

Vu Wikipedia

De Quadratgrad ((°)²) ass eng vereelzt, net gesetzlech (zanter dem 1. Januar 1978) Eenheet fir de Raumwénkel. Si gëtt virun allem an der Astronomie als Mooss fir d'Ausdeenung vun engem Himmelskierper gebraucht.

De volle Raumwénkel vun der Himmelskugel ass 360²/π (ronn 41253) Quadratgrad. D'Gréisst vun engem Himmelskierper a Quadratgrad ergëtt sech aus dem Undeel vun der Himmelskugel, deen den Objet bedeckt, multiplizéiert mat 41253. Fir kleng Wénkele léisst sech mat Raumwénkele bal sou wéi mat Fläche rechnen. En Objet, deem seng Ausdeenung an enger Richtung 1 Grad miesst a senkrecht dozou och 1 Grad, bedeckt also e Raumwénkel vun zirka 1 Quadratgrad.

Déi gesetzlech SI-Eenheet fir de Raumwénkel ass de Steradiant. 1 Quadratgrad entsprécht (2π/360)² (ronn 0,00030462) Steradianten.

Kuckt och: Wénkelduerchmiesser