Solar and Heliospheric Observatory

Vu Wikipedia
De SOHO gëtt fir de Start preparéiert

De Solar and Heliospheric Observatory (SOHO) ass eng Raumsond respektiv e Weltraumobservatoire vun der ESA a vun der NASA.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Aufgab vum SOHO ass d'Erfuersche vun der Sonn. De SOHO vereenegt dobäi europäesch an US-amerikanesch Sondepläng vun den 1980er Joren. D'ESA war verantwortlech fir d'Leedung vun der Missioun a stellt néng Experimenter. D'NASA stellt dräi Experimenter a war fir d'Drorakéit zoustänneg. D'Kommunikatioun mat dem SOHO a seng Steierung goufe vun der NASA gemaach.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Start vum SOHO mat enger Atlas IIAS

De SOHO ass en dräiachsstabiliséierte modular opgebaute Satellit, dee permanent op d'Sonn ausgeriicht ass. En ass ronn 4,3 × 2,7 × 3,7 Meter grouss (9,5 Meter mat ausgefuerene Solarzellen) an ongeféier 610 kg (1.850 kg beim Start) schwéier. Iwwer d'High-Gain-Haaptantenn kënne Biller an Donneeë mat enger Quot vun 200 kbit/s op d'Äerd geschéckt ginn. D'Empfanksstatioune sinn d'Ariichtunge vum Deep Space Network vun der NASA. De SOHO gouf vun engem europäeschem Team ënner der Leedung vun Astrium gebaut.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Den 2. Dezember 1995 gouf de SOHO vun der Weltraumgare Cape Canaveral vun der NASA mat enger Atlas-II-AS-Rakéit gestart.

En ass an engem Halo-Orbit mat 600.000 km Radius ëm de Lagrange-Punkt L1, op enger Distanz vu ronn 1,5 Millioune Kilometer zu der Äerd. An dësem Orbit huet e wéinst der Äerdunzéiung déi selwecht Ëmlafzäit ëm d'Sonn wéi d'Äerd a ka sech do ouni Energieopwand halen. Vun der Äerd aus gesi steet d'Sond ëmmer an der Géigend vun der Sonn. Si huet dobäi awer ëmmer genuch Ofstand, soudatt engersäits de Bléck vum Observatoire op d'Sonn net duerch den Äerdmound oder duerch d'Äerd gestéiert ka ginn, awer anerersäits Funkverkéier méiglech ass.

Am Joer 2003 war en Ausriichtungsmotor vun der Haaptantenn ausgefall. Duerch méi eng grouss Empfangsantenn op der Äerd konnt dee Problem behuewe ginn.

Déi kriteschst Situatioun gouf et awer schonn an der Ufanksphas vun der Missioun. De 25. Juni 1998 war wärend engem normale Bunnmanöver de Kontakt mat der Sond verluer gaangen[1]. Eréischt mat Hëllef vum Radioteleskop vun Arecibo (305 m Duerchmiesser) an dem Goldstone (70 m) war et gelongen, de SOHO ze lokaliséieren[2] an den 3. August 1998 mat Hëllef vum Deep Space Network de Kontakt nei opzebauen[3]. Eng laangwiereg a schwiereg Reaktivéierungsprozedur war uschléissend ugesot[4],[5]. Vollstänneg asazbereet war SOHO de 5. November 1998[6],[7].

De SOHO ass nach ëmmer d'Flaggschëff vun der Sonnefuerschungssonden. D'Missioun gouf am Oktober 2009 bis Dezember 2012 verlängert.

Wëissenschaftlech Experimenter[änneren | Quelltext änneren]

SOHO Schemazeechnung; source ESA, converted from PDF

Nofollgend eng Lëscht vun Ariichtungen an Experimenter vum SOHO:

Obschonn d'Sond am Ufank net extra dofir virgesi war, konnte mat SOHO och iwwer dausend bis elo onbekannt Koméiten entdeckt ginn. D'Koméite sinn opgefall, wa se sech duerch d'Siichtfeld vum LASCO-Detekter beweegt hunn. Fir vum LASCO erfaasst ze ginn, mussen déi Koméiten méi no wéi 800.000 km bei d'Sonn kommen, dofir nennt een déi Grupp och Sungrazer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Solar and Heliospheric Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressemitteilung der NASA
  2. Pressemitteilung der NASA
  3. Pressemitteilung der NASA
  4. Pressemitteilung der NASA
  5. Pressemitteilung der NASA
  6. ESA Gearchiveerd op 2007-10-01. Gekuckt de(n) 2011-11-08.
  7. ESA Gearchiveerd op 2007-10-01. Gekuckt de(n) 2011-11-08.