STEREO

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de STEREO Raumsonden. Fir aner Bedeitunge vu "stereo", kuckt wgl. Stereo.
Dräidimensional Observatioun vu Sonneneruptiounen
D'Fluchbunne vun de STEREO-Sonden
Opbau vun de STEREO-Raumsonden
Start vun der Delta-Rakéit mat STEREO
D'STEREO-Raumsonden an der Delta-II-10L-Notzlaaschtverkleedung

De Projet STEREO (Solar TErrestrial RElations Observatory) vun der US-Raumfaartagentur NASA bestoung aus zwou bal identesche Raumsonden, déi d'Sonn an d'Interaktioun vun hiren Deelerchersausbréch a Felder mat der Magnéitosphär vun der Äerd fir d'éischt dräidimensional observéiert hunn (Stereoeffet). De Start war de 26. Oktober 2006 um 0:52 Auer UTC mat enger Delta II 7925-10L vu Cape Canaveral zu Florida.

D'Missioun gouf vum Applied Physics Laboratory (APL) vun der Johns Hopkins University geleet. D'Käschte vun der Missioun inklusiv all Entwécklungs- a Baukäschten (och international), vun der Drorakéit, a vun der Primärmissioun (zwee Joer) souwéi vun der Datenauswäertung (dräi Joer) hu ronn 550 Milliounen US-Dollar ausgemaach.

Wëssenschaftlech Ziler[änneren | Quelltext änneren]

  • Verstoe vun den Ursaachen a vum Mechanissem vun de koronale Massenauswërf (englesch: coronal mass ejections, CME)
  • Beschreiwung vun der Ausbreedung vu koronale Massenauswërf an der Heliosphär
  • Entdeckung vun de Mechanissemen an den Acceleratiounsplaze vun de Partikelen an der ënneschter Korona an am interplanetare Raum.
  • Erfuersche vun der geneeër Struktur vum Sonnewand
  • Duerch déi héich Stabilitéit vun de Kamerae sinn déi gesammelt Daten och fir aner astronomesch Zwecker vun Notzen, sou goufen iwwer honnert Duebelstären entdeckt.[1]

Auswäertung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Auswäertung vun den Date setzen och vill Fräiwëlleger hir Zäit an, fir d'Biller vun der Sonn iwwer d'Websäit Solarstormwatch ze klasséieren.[2]

Missiounsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Déi béid Sonden, STEREO A an STEREO B, goufen openee montéiert a mat enger Delta-II-Drorakéit an eng héichelliptesch Äerdëmlafbunn mat engem Apogeum vu ronn 400.000 km Héicht transportéiert. Den Apogeum louch dobäi um Plang vun der Moundbunn a war eppes méi wäit vun der Äerd ewech wéi d'Moundbunn.

Wärend en ettlechen Äerdëmleef hu sech d'Raumsonden vunenee getrennt. De 15. Dezember 2006 haten de STEREO A (Ahead) an de B (Behind) e Swing-by beim Mound gemaach, woubäi de STEREO A de Mond op enger Distanz vu 7.322 km passéiert hat an de STEREO B op enger Distanz vun 11.750 km. De STEREO A hat doduerch d'Fluchtvitess vum Äerd-Mound-System iwwerschratt an ass op hirer Ëmlafbunn virun der Äerd ëm d'Sonn geflunn. De STEREO A koum dobäi an eng Sonnenëmlafbunn, déi eppes méi bannenzeg vun der Äerdëmlafbunn läit an eng Ëmlafzäit vun 346 Deeg huet. D'STEREO A kreest doduerch méi séier wéi d'Äerd ëm d'Sonn a leeft all Joer ëm 22° méi wäit op hirer Ëmlafbunn no vir wéi eis Äerd.

D'STEREO B gouf duerch de Swing-by op eng vill méi gouss Äerdëmlafbunn bruecht. Duerno hat si den 21. Januar 2007 de Mound nees eng Kéier passéiert, déi Kéier awer iwwer der entgéintgesater Säit vun der Äerd. Bei deem zweete Swing-by an 8.800 km Héicht gouf d'STEREO B op Fluchtvitess aktivéiert an ass géint d'Ëmlafrichtung vun der Äerd ëm d'Sonn fortgeflunn. Se koum doduerch op eng Sonnenëmlafbunn mat enger Ëmlafzäit vun 388 Deeg. D'STEREO B kreest doduerch méi lues ëm d'Sonn wéi eis Äerd a bleift ëm 22° pro Joer op hirer Ëmlafbunn hanner der Äerd zeréck. Dofir wäerten déi béid STEREO-Sonden viraussiichtlech 2015 hanner der Sonn sinn.[3],[4]

De 6. Februar 2011 hunn d'Sonden hir géigesäiteg Oppositioun passéiert an den 1. Juni 2011 goufe fir d'éischt Biller gemaach, aus deenen e komplett Bild vun der äerdofgedréiter Sonnesäit zesummegesat gouf.[5]

Den 1. Oktober 2014 ass de Kontakt mat der Sond STEREO B no engem geplangten Neistart vun der Software verluer gaangen. D'Grënn dofir sinn net bekannt.[6]

Opbau vun de Sonden[änneren | Quelltext änneren]

Déi béid Sonde goufe vum AP-Laboratoire gebaut, deen och d'Missioun iwwerwaacht. D'Raumsonde sinn 1,10 m héich, 2,01 m laang an 1,19 m (mat oppene Solarkollekteren 6,49 m) breet. D'Sonde sinn dräiachseg stabiliséiert an hate vollgetankt eng Mass vu jee 618,7 kg. D'Leeschtung vun de Sonnepanéilen déi den Energieverbrauch ofdecke läit bei 475 Watt[7]. D'Dateniwwerdroung op d'Äerd erfollegt mat enger Vitess vu 720 Kbps; gläichzäiteg huet all Raumsond eng intern Späicherkapazitéit vun iwwer 1 GByte.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou STEREO-Sonden hu jiddwereng déi selwecht véier Instrumenter resp. Instrumentesetten u Bord.

  • Sun Earth Connection Coronal and Heliospheric Investigation (SECCHI)
SECCHI ass en Instrumenteset, deen aus véier eenzelen Instrumenter besteet: enger Ultraviolettkamera, zwéi Wäissliichtkoronographen an enger Kamera fir d'Observatioun vun der Heliosphär. Déi Instrumenter observéiere mat enger dräidimensionaler Opléisung, déi koronal Massenauswërf op hirer Rees vun der Sonnenuewerfläch, duerch d'Sonnekorona, an den interplanetare Raum bis zum Optreffen op der Äerd. De SECCHI gouf ënner der Leedung vum Naval Research Laboratory zu Washington (D.C.) entwéckelt.
  • STEREO/WAVES (SWAVES)
SWAVES verfollegt d'Radiostéierungen déi op hirem Wee vun der Sonn bis op d'Äerd vun der Sonn ervirgeruff ginn. D'Instrument gouf ënner der Leedung vum Observatoire vu Meudon an dem Goddard Space Flight Center entwéckelt.
  • In-situ Measurements of PArticles and CME Transients (IMPACT)
IMPACT ermëttelt déi dräidimensional Verdeelung an d'Plasmaeegeschafte vun den energieräiche Sonnenpartikelen a moosst dat lokaalt Magnéitfeld. Den IMPACT gouf ënner der Leedung vun der Universitéit vu Kalifornien vu Berkeley entwéckelt.
  • PLAsma and SupraThermal Ion Composition (PLASTIC)
PLASTIC studéiert d'Plasmaeegeschafte vu Protonen, Alphadeelercher a schwéiere Ionen. D'Instrument ermëttelt d'Massen- an d'Transportverdeelung vun de schwéiere Ionen an d'Ënnerscheeder tëscht dem Plasma vun de koronale Massenauswërf an dem Plasma ronderëm. De PLASTIC gouf ënner der Leedung vun der Universitéit vun New Hampshire entwéckelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'STEREO-Sonden an engem propere Raum vum Goddard Center
Computerbild vum STEREO a koronalem Massenausworf.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. STEREO turns its steady gaze on variable stars, Astronomy, 19. Abrëll 2011
  2. http://www.solarstormwatch.com
  3. SpaceflightNow: (en) Spacecraft launched to see the sun in a new dimension (25. Oktober 2006)
  4. NASA: (en) STEREO-PressKit (PDF-Datei; 1,3 MB)
  5. STEREO Sees Complete Far Side, Susan Hendrix, NASA
  6. NASA: (en) What's New (10. Oktober 2014)
  7. http://stereo.gsfc.nasa.gov/status.shtml