Koronograph
Ausgesinn
De Koronograph, engl. Coronagraph ass en astronomescht Instrument fir d'Observatioun vun der Sonnenatmosphär, virun allem vun der Korona. E besteet aus engem equatorial montéierten Teleskop a speziellen Ariichtunge fir d'Sonneliicht ofzeschwächen.
Well d'Hellegkeet vun der Sonnekorona ongeféier eng Milliounmol manner ass wéi déi vun der Photosphär, muss dat Sonneliicht dat d'iwwerstraalt ausgeblent ginn. Dëst geschitt mat enger Keegelblend a spezielle Filteren, wouduerch eng Aart kënschtlech Sonnendäischtert entsteet.
D'Koronographe ginn och agesat, fir d'Ëmgéigend vun helle Stären ze kucken, beispillsweis de Stär Fomalhaut b an der Noperschaft vun Fomalhaut.