Fomalhaut b

Vu Wikipedia
Am Bildausschnëtt ass d'Beweegung vum Fomalhaut b bannen zwee Joer ze gesinn; den Zentralstär gouf hei ofgedeckt, fir déi liichtschwaach kreesend Objeten net z'iwwerstralen.
D'Dimensioune vum Fomalhaut-System an eisem Sonnesystem am Vergläich. Fomalhaut b läit wäit baussen an huet eng entspriechend laang Ëmlafzäit.
Spekulativ Usiicht vu Fomalhaut b mat Ranksystem, Fomalhaut an Deeler vun der Stëbsscheif am Hannergrond.

Fomalhaut b ass eng Stëbswollek, déi 25 Liichtjoer vun eis ewech läit. D'Wollek ëmkreest de Stär Formalhaut am Stärebild Piscis Austrinus. Am Ufank vun der Entdeckung gouf ugeholl et wier en Exoplanéit, awer bei neien Observatiounen um Steward Observatoire hunn d'Astronomen András Gáspár an George H. Rieke am Abrëll 2020 erausfonnt datt de Fomalhaut b kee Planéit ass, mä eng Stëbswollek. Déi Stëbswollek ass wéi et schéngt en Iwwerrescht vun enger gigantescher Explosioun.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptreiestär Fomalhaut vun der Spektralklass A war, zanter den 1980er Jore vum Satellit IRAS e grousse Stëbsrank (änlech der Kuiperceinture) entdeckt gouf, en Zil fir d'Sich no Planéitesystemer. 2004 gouf duerch Observatioune vum Hubble-Weltraumteleskop festgestallt, datt déi Stëbscheif eng schaarf bannenzeg Begrenzung huet. Et gouf ugeholl, datt e masseräiche Planéit d'Stëbscheif gravitativ beaflosse misst. E weideren Hiwäis war, datt d'Stëbsscheif elliptesch an net exakt op de Stär zentréiert ass.[1]

Zanter 2001 gëtt de Fomalhaut vun enger Aarbechtsgrupp ëm de Paul Kalas vun der University of California observéiert. Vill Hubble-Fotoen tëscht 2004 an 2006 weisen e Liichtpunkt bannent dem Stëbsrank, dee sech siichtbar op enger Keplerbunn ëm de Fomalhaut beweegt. D'Entdeckung gouf am November 2008 publizéiert.

2010 gouf d'System nees vum Hubble-Teleskop fotograféiert. Op dem neie Foto wäicht Formalhaut b vu senger viraus berechneter Bunn of. Skeptiker hunn dorop, d'Existenz vu Formalhaut b a Fro gestallt. Allerdéngs kéinten d'Ofwäichungen och duerch de Gebrauch vun enger anerer Kamera z'erkläre sinn.[2]

2020 huet sech dann och effektiv erausgestallt, datt et kee Planéit ass, mä eng riiseg Stëbswollek, déi bei enger Explosioun, déi warscheinlech kuerz virun 2004 enstane war. No an no huet sech d'Stëbswollek ëmmer weider ausgebreet, bis se net méi mam Hubble-Teleskop nogewise konnt ginn. An der Tëschenzäit (Abrëll 2020) ass se méi grouss wéi den Orbit vun der Äerd ronderëm d'Sonn. D'Kollisioun gouf vun zwéi koméitenaartegen Objete verursaacht, mat Duerchmiesser vun ongeféier 200 km. Sou Kollisioune kommen nëmmen eemol all 200.000 Joer vir.[3]

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Onsécherheet gëtt et bei de Bunneegenschafte vu Fomalhaut b. Hien ëmkreest den Zentralstär an engem mëttleren Ofstand vu ronn 115 AE oder 17,2 Milliarde km. Dat ass ongeféier 18 AE vun der bannenzeger Begrenzung vun der Stëbsscheif. Wéinst der Exzentrizitéit vun der Ëmlafbunn von 0,11 variéiert den Ofstand tëscht 102 an 128 AE a läit momentan bei ongeféier 119 AE. Fomalhaut b läit also bal véiermol méi wäit vu sengem Zentralstär wéi den Neptun, de baussenzege Gasplanéit an eisem Sonnesystem. Aus dem Orbit ergëtt sech eng Ëmlafzäit vun ongeféier 872 Joer.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'physikalesch Eegenschafte vu Fomalhaut b kënnen nëmmen aus de Bunnparameter extrapoléiert ginn. D'Berechnunge ginn dovun aus, datt Fomalhaut b maximal ongeféier dräimol sou masseräich wéi de Jupiter ka sinn, soss géif se d'Stëbsscheif zerstéieren.[4] Déi warscheinlechst Mass läit tëscht der hallwer an der duebeler Jupitermass. Säi Radius géif op jiddwer Fall ongeféier deem vum Jupiter gläichen.

D'Uewerflächentemperatur däerft ongeféier där vum Neptun (−200 °C) gläichen, well déi méi héich Liichtkraaft vum Fomalhaut d'Distanz kompenséiert. De Planéit erschéngt eng milliardmol méi schwaach wéi de Fomalhaut selwer. Dat ass ëmmer nach méi hell, wéi d'Uewerfläch vum Planéit eleng erwaarde géif loossen. Eng méiglech Erklärung ass, datt Fomalhaut b von engem gewaltege Ranksystem aus Äis a Stëbs ëmginn ass, dat den Dimensioune vun de Bunne vun de Galiléiesche Mounde beim Jupiter entspriechen däerft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Paul Kalas, James R. Graham & Mark Clampin: A planetary system as the origin of structure in Fomalhaut's dust belt; Nature (2005), 435, S. 1067–1070;
  2. astronomie-heute.de ofgeruff am 27. September 2011
  3. https://www.heise.de/newsticker/meldung/Exoplanet-verschwunden-Fomalhaut-b-war-wohl-gigantische-Truemmerwolke-4706278.html
  4. Paul Kalas, James R. Graham, Eugene Chiang, Michael P. Fitzgerald, Mark Clampin, Edwin S. Kite, Karl Stapelfeldt, Christian Marois, John Krist: Optical Images of an Exosolar Planet 25 Light-Years from Earth; Science (2008), Vol. 322, no. 5906, S. 1345–1348;