Op den Inhalt sprangen

Piscis Austrinus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Piscis Austrinus
Lëtzebuergeschen NummSüdleche Fësch
Laténgeschen NummPiscis Austrinus
Laténgesche GeenitivPiscis Austrini
Laténgesch Ofkierzung PsA
Positiounsüdlech vum Himmelsequator
Rektaszensioun21h 27m bis 23h 6m
Deklinatioun-36° 27' bis -24° 49'
Fläch245 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden-90° bis +50°
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Spéitsummer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
Formalhaut PsA),
1,16m
MeteorstréimPiscis-Austriniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Aquarius
Capricornus
Microscopium
Grus
Sculptor
Kaart vum Stärebild Südleche Fësch

De Südleche Fësch, (la: Piscis Austrinus) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

De Südleche Fësch ass ee wéineg markant Stärebild südlech vum Aquarius. Nëmmen deen hellste Stär Formalhaut ass mat 1,16m opfälleg hell. Déi aner Stäre sinn net méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
D'Stärebild steet vun eis aus gesinn déif um Horizont.

De Südleche Fësch gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonn an der anticker griichescher Astronomie, vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Stär Numm Gréisst
α PsA Formalhaut 1,16m
δ PsA Aboras 4,2m
ε PsA 4,2m
β PsA 4,3m
γ PsA 4,4m
η PsA 5,4m

Formalhaut Piscis Austrini) ass mat enger Distanz vu 25 Liichtjoer een Noper vun der Sonn. Säin Numm huet en arabeschen Urspronk a bedeit souvill wéi „Maul vum Fësch“. Fotoe vum Weltraumteleskop Hubble weisen, datt de Stär vun enger Stëbsscheif vu 40 Milliarde Kilometer Duerchmiesser ëmginn ass. Warscheinlech huet de Fomalhaut ee gréissere Planéit op enger Distanz vu 7 bis 10 Milliarde Kilometer (dat ass ongeféier de 50 bis 70fachen Ofstand Äerd-Sonn).

Objet Gréissten Ofstand
β PsA 4,3m/7,8m 30,3"
η PsA 5,8m/6,8m 1,8"

Den Duebelstär β PsA steet op enger Distanz vun 150 Liichtjoer vun eis ewech. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen A0 a G2. Wéinst hirem relativ wäite Wénkelofstand kënne si scho mat engem klengen Teleskop opgeléist ginn.

D'System η PsA ass 500 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et besteet aus zwéi liichtkräftege Stäre mat de Spektralklasse B7 an A2.

 Commons: Piscis Austrinus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie