Piscis-Austriniden
Ausgesinn
| Piscis-Austriniden[1] | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 15. Juli - 10. August |
| Aktivitéitsmaximum | 28. Juli |
| Radiantenpositioun vum Maximum |
RA: 22h 44m DE: -30° |
| ZHR | 5 |
| Populatiounsindex | 3,2 |
| geozentresch Vitess | 35 km/s |
D'Piscis-Austriniden sinn e Meteorstroum, deen a Mëtteleuropa z'observéieren ass. De Stroum gouf den 28. Juli 1865 vum Alexander S. Herschel entdeckt.[2].
De Radiant vun de Piscis-Austriniden läit am Stärebild Piscis Austrinus, no beim Haaptstär Formalhaut. De Meteorstroum huet eng ZHR vu 5 Meteore pro Stonn. Well awer de Radiant op de mëtteleuropäesche Breedegrade knapps iwwer dem Horizont läit, sinn däitlech manner Stäreschnuppen ze gesinn.