Sculptor (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Sculptor
Lëtzebuergeschen Numm Sculpteur
Laténgeschen Numm Sculptor
Laténgesche Geenitiv Sculptoris
Laténgesch Ofkierzung Scl
Rektaszensioun 23h 6m bis 1h 46
Deklinatioun -24° 50' bis -39° 25'
Fläch 475 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 50° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht (nëmmen deelweis
siichtbar)
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Sculptoris,
4,31m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Cetus
Aquarius
Piscis Austrinus
Grus
Phoenix
Fornax
Kart vum Stärebild Sculptor

De Sculptor (Latäin) ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Sculptor ass en onschäinbaart Stärebild westlech vum helle Stär Fomalhaut am Piscis Austrinus. Kee vu senge Stären ass méi hell wéi 4. Gréissteklass. Wéinst senger Lag kann ee vu Mëtteleuropa aus nëmmen den nërdlechen Deel gesinn.

Am Sculptor läit de galaktesche Südpol, duerch hie geet d'„Dréiachs“ vun eiser Mëllechstrooss.

Am Stärebild sinn e puer interessant Galaxien, dorënner de Sculptor System, eng Galaxiëgrupp déi 8 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf am Joer 1756 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille ënner dem Numm l'Atelier de Sculpteur (Sculpteursatelier) agefouert. Spéider gouf doraus de Sculpteur.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm an aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 4,30m 673 B7 IIIp
β 4,38m 178 B9.5 IVpHgMnEu
γ 4,41m 179 K1 III
δ 4,59m 144 A0 V
η 4,86m 548 M2 / M3 III
ζ 5,04m 510 B4 V
ι 5,18m 311 G5 III
θ 5,24m 71 F3 / F5 V
π 5,25m 217 K1 II/III
ε 5,29m 89 F2 IV
μ 5,30m 291 K0 III
κ2 5,41m 581 K2 III
κ1 5,42m 224 F3 V
HR 445 5,49 265 K1 / K2III
σ 5,50m 227 A1 / A2 IV
ξ 5,59m
τ 5,69m
λ2 5,90m
λ1 6,05m

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréissten Ofstand
ε Scl 5,4m/8,6m 4,7"
κ1 Scl 6,1m/6,2m 1,7"
τ Scl 6,0m/7,1m 2,2"

De κ1 Sculptoris ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 100 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu der Spektralklass F2.

D'System τ Sculptoris ass 120 Liichtjoer ewech a besteet aus zwéi Stäre vun de Spektralklassen F1 an F7.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
α SX Arietis-Stär
σ α2 Canis Venaticorum-Stär

Den hellste Stär am Scupltor, α Sculptoris, ass 673 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e bloelzege Stär aus der Spektralklass B7 III. Et ass e verännerleche Stär vum Typ SX Arietis.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC Verschiddenes Gréisst Typ Numm
55 8,1m Galaxis
134 10,4m Galaxis
253 7,6m Galaxis Sculptor-Galaxis
288 8,1m Kugelstärekoup
300 8,1m Galaxis
613 10,1m Galaxis
7507 10,4m Galaxis
7793 8,1m Galaxis

D'Galaxien 55 an 253 am Sculptor an den 247 am Cetus maachen eng vereente Galaxiëgrupp op enger Distanz vun 8 Millioune Liichtjoer.

Den NGC 55 ass eng Galaxis, déi een op hir Kant gesäit.

Den 253 ass no dem Andromedaniwwel déi zweethellst Spiralgalaxis um Himmel. Och déi Galaxis gesäit een op hir Kant.

Den 288 ass ee Kugelstärekoup, deen 30.000 Liichtjoer wäit ewech ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sculptor (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien