Phoenix (Stärebild)
| Date vum Stärebild Phoenix | |
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Phoenix |
| Laténgeschen Numm | Phoenix |
| Laténgesche Geenitiv | Phoenicis |
| Laténgesch Ofkierzung | Phe
|
| Positioun | südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 23h 46m bis 2h 25m |
| Deklinatioun | -57° 50' bis -39° 18' |
| Fläch | 469 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 32° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Stäre mat Gréisst < 3m |
1 |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Phoenici (Ankaa) 2,39m |
| Meteorstréim | Juli-Phöniciden Dezember-Phön. |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Sculptor Grus Tucana Hydrus Eridanus Fornax |
De Phoenix ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Phoenix ass ee Stärebild nërdlech vum helle Stär Achernar am Eridanus. Nëmmen den Haaptstär α Phoenicis (Ankaa) ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
Wéinst senger südlecher Positioun ass de Phoenix bei eis net ze gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Phoenix gehéiert zu deene Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.
De Phönix gehéiert am Géigesaz zum Ara net zu den 48 anticke Stärebiller.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | Ankaa, Nair al Zaurak, Cymbae | 2,39m | 77 | K0 III | |
| β | 3,32m | 198 | G8 III | ||
| γ | 3,41m | 234 | M0 IIIa | ||
| ε | 3,88m | 140 | K0 III | ||
| κ | 3,93m | 77 | A7 V | ||
| δ | 3,93m | 147 | K0 III | ||
| ζ Phoenicis | 3,94 | 280 | B6 V + B9 V | ||
| η | 4,36 | 240 | A0 IV | ||
| ψ | 4,39 | 321 | M4 III | ||
| μ | 4,59 | 247 | G8 III | ||
| ι | 4,69 | 274 | A2 Vp SrCrEu | ||
| HR 8959 | 4,74 | 201 | A2 V | ||
| λ1 | 4,77 | 717 | A0 V | ||
| HR 574 | 4,82 | 267 | G8 III | ||
| ν | 4,97 | 49 | F8 V | ||
| φ | 5,12 | 309 | A3 V | ||
| π | 5,13 | 257 | K0 III | ||
| χ | 5,15 | 372 | K5 III | ||
| σ | 5,18 | 592 | B3 V | ||
| υ | 5,21 | 198 | A3 IV | ||
| ρ | 5,24 | 250 | F2 III | ||
| HR 299 | 5,39 | 235 | G8 III | ||
| HR 408 | 5,42 | 247 | K0 III | ||
| HR 109 | 5,42 | 415 | M0 III | ||
| HR 519 | 5,49 | 680 | M3 III |
Den α Phoenicis läit op enger Distanz vu 77 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III. Hien huet déi 2,5-fach Mass an deen 10-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Den Numm „Ankaa“ bedeit e Vull aus der arabescher Mythologie.
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| β | 4,0 / 4,2m | 1,6" |
| ζ | 3,6 bis 4,1 / 7,2 / 8,2m | 0,8/6,4" |
Duebelstäresystem β Phoenicis ass 198 Liichtjoer vun eis ewech. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklasse B6 an F7.
Den ζ Phoenicis ass e Méifachstäresystem a besteet aus véier Stären, op enger Distanz vun 280 Liichtjoer.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]| Stären | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| ζ | 3,9m bis 4,3m | 1,669 Deeg | Bedeckungsverännerlechen |
Den ζ Phoenicis ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Ee liichtschwache Begleeder ëmkreest den Haaptstär an engem kuerzen Ofstand. All 1,669 Deeg passéiert de schwaache Stär virum Haaptstär a verdonkelt en.
NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]| NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| 625 | Galaxie | |||
| 7689 | 11,5 m | Balkespiralgalaxie |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Phoenix (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
