Stärekaart

Vu Wikipedia
Stärekaart vum J.E. Bode aus dem Joer 1782, "Virstellung vun de Stären op XXXIV Tafelen"
D'Stärebild Orion aus dem Stärenatlas Uranometria vum Bayer J.
Stärekaarte vum Frederik de Wit aus dem 17. Joerhonnert.
Kaart vum Nuetshimmel: Stärepositiounen aus dem Bright Stars Catalogue, 5th Edition.

Fréier Duerstellunge vum Stärenhimmel[änneren | Quelltext änneren]

Eng Stärekaart gëtt op enger Kaart d'Stären an d'Stärebiller vum Himmel un. E komplett zesummenhängende Saz vu Stärekaarten, déi de ganzen Stärenhimmel ofbilden nennt e Stärenatlas.

Déi eelst Duerstellung vun engem Stärebild ass eng alegyptesch Zeechnung am Graf vum Senenmut. Op fréieren Zeechnunge vu Stären, z. B. d'Himmelsscheif vun Nebra, sinn d'Stären (mat Ausnam vun enger Grupp, déi wuel d'Plejaden duerstellt) warscheinlech éischter zoufälleg duerch de Kënschtler verdeelt ginn. Ofgesi vu Wandmolereien sinn aus der Antiquitéit nach Himmelsgloben a Planisphäre bekannt, déi deelweis fir ze verschéineren, awer och fir astronomesch Aarbechte gebraucht goufen.

D'Entwécklung vu Kaarten a Stärekataloge beschreift schonn de Ptolemäus. Och d'Konstruktioun vun Himmelsgloben a Planisphären (dréibar Stärekaarten) huet hien notéiert. Planisphäre sinn awer keng erhale bliwwen, awer karolengesch Ofschrëfte vun de Stärebildbeschreiwunge vum Aratos, an eenzel Planisphären an Duerstellunge vu Stärebiller, déi méiglecherweis vun antike Virlage kopéiert goufen. Déi Kaarte weisen awer nëmmen d'Stärebiller, an net déi eenzel Stären. Vum 9 Joerhonnert gëtt et méi Duerstellunge vu Stärebiller, virun allem als Deel vun Ofschrëfte vum Poeticon Astronomicon vum Hyginus, dat zu der Standardquell vum Mëttelalter vun de Mythe vun de Stärebiller gëtt.

Historesch Stärekaarten[änneren | Quelltext änneren]

Fir laang Zäit goufe bal nëmme Kaarte vun eenzele Stärebiller publizéiert, fir déi d'Positioune sech meeschtens op déi al griichesch Date vum Ptolemäus an dem Hipparchos beruff hunn. (Dëse Katalog gouf am Laf vum fréie Mëttelalter am Weste verluer)

Zwar gouf dem Ptolemäus' säi Katalog an den arabescher Welt an am Byzanz versuergt, awer eréischt mat de Miessunge vun Astronome wéi den Tycho Brahe stoungen neizäitlech Positiounen zum Gebrauch, déi sech séier zum Standard entwéckelt hunn. Vu Mëtt 16. Joerhonnert goufen och nees Planisphäre gedréckt, déi op zwou Kaarten de ganzen Himmel gewisen hunn.

De Johannes Bayer publizéiert am Joer 1603 d'Uranometria. Et ass den éischten Atlas vum ganzen Himmel. D'Positiounen an der Uranometria baséieren op dem Tycho Brahe sengen Observatiounen, dee fir seng Genauegkeet berüümt war. Déi eenzel Kaarte sinn awer an der Gréisst nach ëmmer op déi duergestallte Stärebiller zougeschnidden, soudatt sech keen eenheetleche Moossstaf ergëtt. Als kënschtlerescht Meeschterwierk vun den Himmelsatlante gëllt dem Andreas Cellarius säin Harmonia Macrocosmica vu 1661, déi zwar wëssenschaftlech-kartographesch hanner méi detailléierte Wierker wéi der Uranometria zeréckbléift, awer op onvergläichlech Kofferstéch dat astronomescht Wëssen aus där Zäit lieweg koloréiert zesummefaasst.

Déi eigentlech Duerstellung vum Himmel entwéckelt sech awer souwuel a wëssenschaftlecher wéi och a kënschtlerescher Hisiicht weider, bis am Joer 1801 d'Uranographia vum J. E. Bode erauskënnt. Den Atlas war aus 20 Kaarten am Format 103 x 70 cm an ass bis haut den Atlas mat deem gréisste Format. D'Kofferstéch sinn immens detailléiert a weise bis zirka 17.000 Objete vum Stärenhimmel.

Stärekaarten haut[änneren | Quelltext änneren]

Gezeechent Kaarten, also Duerstellungen aus engem Katalog eraus, ginn haut nëmmen nach fir begrenzt Zwecker professionell benotzt, bleiwen awer e wichteg populär- an amateuerastronomescht Aarbechtsmëttel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Modern Stärenatlanten[änneren | Quelltext änneren]

  • Falkauer Atlas (1950.0) - Hans Vehrenberg (fotografesch)
  • Atlas Stellarum (1950.0) - Hans Vehrenberg (fotografesch)
  • True Visual Magnitude Photographic Star Atlas (1950.0) - Christos Papadopoulos und Charles Scovil (fotografesch)
  • Atlas Borealis, Atlas Eclipticalis, Atlas Australis (1950.0) - Antonín Bečvář
  • Atlas Coeli Skalnate Pleso (1950.0) - Antonín Bečvář
  • Atlas Coeli Novus 2000.0 (2000.0) - Nofollger vum Atlas Coeli
  • Sky Atlas 2000.0 - Wil Tirion
  • Cambridge Star Atlas (Kuerzfaassung vum Sky Atlas 2000.0)
  • Uranometria 2000.0 (detailléiert, an 2 verschiddene Versiounen)
  • Millennium Star Atlas (ëmfangräich)
  • Deep Sky Reiseatlas (mat "Telrad"-Zilkreesser)
  • Atlas für Himmelsbeobachter - Erich Karkoschka

Dréibar Stärekaarten (Planisphären)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Eenzel Kaartewierker digitaliséiert (historesch)[änneren | Quelltext änneren]

Eenzel Kaartewierker digitaliséiert (modern)[änneren | Quelltext änneren]

Interaktiv Stärekaart[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Commons: Star charts – Biller, Videoen oder Audiodateien