Op den Inhalt sprangen

Hydrus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Hydrus
Lëtzebuergeschen Nummkleng Waasserschlaang
Laténgeschen NummHydrus
Laténgesche GeenitivHydri
Laténgesch OfkierzungHyi
Positiounsüdlechen Himmel
Rektaszensioun0h 05m bis 4h 36m
Deklinatioun-58° 00´ bis -82° 05´
Fläch243 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden8° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Hydri,
2,82m
Meteorstréim-
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Reticulum
Horologium
Eridanus
Tucana
Octans
Mensa
Dorado
Kaart vum Stärebild Hydrus

Déi Kleng Waasserschlaang, laténgesch: Hydrus, och Südlech Waasserschlaang oder Männlech Waasserschlaang genannt, ass e Stärebild um Südleche Stärenhimmel.

Déi Kleng Waasserschlaang ass keen opfällegt Stärebild. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi 3. Gréissteklass. Et fënnt een d'Stärebild südlech vum hellen Achernar, dem südlechste Stär vum Eridanus. D'Stärebild läit tëscht der Grousser Magellanescher Wollek (LMC) an der Klenger Magellanescher Wollek (SMC).

D'Hydrus ass vun Europa aus net ze gesinn.

D'Hydrus gehéiert zu deene Stärebiller, déi Ennn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet si am Joer 1603 a sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.

Si ass dat südlecht Géigestéck vun der nërdlecher oder „weiblecher“ Hydra (Waasserschlaang).

Himmelsobjeten

[änneren | Quelltext änneren]
BFNimm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
β Hydri2,82m24,4G1 IV
α Hydri2,86m71F0 V
γ3,26m150M1 III
δ4,08m
ε4,12m
η24,68m217G8 III
ν4,76m
ζ4,83m
λ5,09m
μ5,27m
ι5,51m
θ5,51m
π15,57m
π25,67m
κ5,99m
τ26,05m
σ6,15m
τ16,33m

De β Hydri ass mat enger kuerzer Distanz vu 24,4 Liichtjoer ee vun deenen nooste Stäre bei eiser Sonn. Et ass e giele Stär mat der Spektralklass G1 IV. Hien huet eng änlech Masse wéi eis Sonn, ass awer mat engem Alter vu ronn 7 Milliarde Joer méi wäit entwéckelt an huet sech op en Duerchmiesser vun iwwer 2 Millioune Kilometer opgeblosen.

Den α Hydri läit 71 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass F0 V.

Portal Astronomie

 Commons: Hydrus – Biller, Videoen oder Audiodateien