Reticulum (Stärebild)
| Date vum Stärebild Reticulum | |
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Netz |
| Laténgeschen Numm | Reticulum |
| Laténgesche Geenitiv | Reticuli |
| Laténgesch Ofkierzung | Ret
|
| Positioun | südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 3h 13m bis 4h 37m |
| Deklinatioun | -67° bis -52° |
| Fläch | 114 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 23° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Reticuli, 3,33m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Horologium Hydrus Dorado |
D'Netz, op laténgesch: Reticulum ass e Stärebild vum Südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Netz ass e klengt, awer markant Stärebild nërdlech vun der Grousser Magellanescher Wollek (LMC). Véier Stäre formen eng Raut.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild huet fréier "Rhombus" geheescht a war am Joer 1624 vum schlesesche Kartograph Jacob Bartsch agefouert ginn.
Am Joer 1752 huet de franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille a „Reticulum Rhomboidalis“ (rhombescht Netz) ëmbenannt. Et stellt keen Netz am geleefege Sënn duer, mä en astronomescht Moossinstrument: Eng Glasplak mat engem Netzmuster vun agravéierte Linnen, déi virun en Okular abruecht konnt ginn (z. B. e Fuedemkräiz). Et ass domat eent vun deene Stärebiller, déi de Lacaille no techneschen Instrumenter benannt huet.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 3,33m | 163 | G7 III | ||
| β | 3,84m | 100 | K0 IV SB | ||
| ε | 4,44m | 59 | K2 IV | ||
| γ | 4,48m | 491 | M4 III | ||
| δ | 4,56m | 530 | M2 III | ||
| κ | 4,71 | 70 | F5 IV-V | ||
| ι | 4,97 | 331 | K4 III | ||
| ζ2 | 5,24 | 39 | G1 V | ||
| η | 5,24 | 380 | G7 III | ||
| HR 1340 | 5,45 | 267 | K0 III |
Den β Reticuli läit op enger Distanz vun 100 Liichtjoer. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 IV.
| Objet | Gréisst | Ofstand |
|---|---|---|
| α | 3,33 / 12m | |
| ζ Reticuli | 5,24 / 5,54m | 310" |
D'Duebelstäresystem α Reticuli ass 163 Liichtjoer vun eis ewech. Den Haaptstär liicht giel an huet den 20fachen Duerchmiesser an déi 100fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hien huet e liichtschwaache Begleeder vun der 12. Gréissteklass op enger Distanz vun 2.450 AU. Dëse Stär ëmkreest den Haaptstär eemol a 60.000 Joer.
Den ζ Reticuli ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 39 Liichtjoer. De Wénkelofstand ass 310 Bousekonnen.
NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]| NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| 1313 | 8,7m | Galaxie |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Reticulum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
