Bedeckungsverännerleche Stär

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Animatioun vun engem bedeckungsverännerlechen Duebelstär mat Liichtbou.[1][2]

Ee bedeckungsveränderleche Stär ass en Duebelstäresystem, deem seng Bunn sou am Raum läit, datt sech déi béid Stären, vun der Äerd aus gesinn, periodesch op d'mannst deelweis bedecken.

Am Allgemengen hunn déi béid Stäre vum Duebelstäresystem verschidde Gréissten a verschidden Uewerflächentemperaturen.

Verdeckt dee klenge Stär ee Beräich vum gréisseren, erreecht d'Liicht, dat vum verdeckten Deel vu senger Uewerfläch ausgeet, den Observateur net. Et nennt een déi Phase, den Transit an d'Hellegkeet vum ganze System ass während där Phase méi niddreg wéi zu den Zäiten, wou déi béid Stären nieftenee stinn. Am Liichtbou weist sech eng „Dell“, déi an hirer Mëtt ee Minimum erreecht.

Leeft dee klenge Stär ganz oder deelweis hanner deem grousse laanscht, erreecht d'Liicht vum klenge Stär den Observateur ganz oder deelweis net (total,oder partiell Bedeckung). Et ergëtt sech also tëscht zwéi Transit-Minima e weidere Minimum. Wat fir eng Aart vu Minimum méi déif ausfält, hänkt vun der Uewerflächenhellegkeet vu béide Stären of. Ass d'Uewerflächenhellegkeet vum klenge Stär méi kleng, wéi um Bild riets, sou ass d'Transit-Minimum méi déif (en Extremfall vun dëser Konstellatioun ass den Transit vun engem Planéit virun engem Stär). Anerefalls ass den Transit-Minimum méi flaach, ee Fall deen heefeg optrëtt, wann de groussee Stär e roude Ris ass.

Well d'Ännerung vun der Liichtkraaft vun engem Bedeckungsverännerlechen nëmme vun den relativ konstante Stärenzoustandsgréissten an der Ëmlafdauer vum System ofhängeg ass, ass de Liichtbou streng periodesch. D'Form vun der Minima ass vun der Geometrie, d. h. de Bunndaten vum System an dem Wénkel, ënner deem de Bunnplang vun der Äerd aus gesi gëtt, ofhängeg, souwéi vun de physikaleschen Zoustandsgréisste vun de bedeelegte Stären (wéi z. B.: Radius, Liichtkraaft a Randverdonkelung).

De groussen astrophysikaleschen Notze vun dëser Stäreklass entsteet duerch d'Méiglechkeet, genee Miessung vum Liichtbou op déi ugesprache Bunndaten an d'physikalesch Zoustandsgréisste schléissen ze kënnen. Et brauch een heizou zousätzlech e puer relativ liicht ze miessend spektroskopesch Date, fir op d'Uewerflächentemperatur an d'Relativvitesse vu béide Stäre schléissen ze kënnen.

Et ënnerscheet een unhand vum Liichtbou tëscht

benannt no charakteristesche Vertrieder hirer Aart.

Vill vun den Exoplanéiten goufen duerch d'Method vun der Stärebedeckung nogewisen. Well Planéite net selwer liichten, gëtt dobäi nëmmen e periodesche Réckgang vun der Liichtkraaft vum Stär pro Ëmlaf observéiert; dëse Réckgang ass kleng, well d'Planéite méi kleng si wéi d'Stären.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bedeckungsverännerlech Stären – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (de) Sternwarte Hagen - interaktive Java-Applet Beispill vun der Geometrie an dem resultéierende Liichtbou (niewst theoretescher Behandlung)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D. Gossman, Light Curves and Their Secrets, Sky & Telescope (October 1989, p.410)
  2. Eclipsing Binary Simulation, Cornell Astronomy