NGC 300
Ausgesinn
|
Den NGC 300: Foto, opgeholl mam 2,2-Meter-Teleskop vun der ESO La Silla-Observatoire. | |
| Stärebild |
Sculptor (Scl) |
|---|---|
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
| Rektaszensioun | 0h 54m 54,00s |
| Deklinatioun | - 37° 41' 00,0"[1] |
| Ausgesinn | |
| Hubble-Sequenz | SA(s)d[1] |
| Visuell Magnitude | + 8,1[2] mag |
| Visuell Magnitude (B-Band) | + 8,8[2] mag |
| Wénkelduerchmiesser | 21,9' × 15,5'[1] |
| Flächenhellegkeet mag/arcmin² | + 13,9[2] |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Gehéiert zu | Sculptorkoup ? |
| Distanz (Lj) | (7,0 ± 0,3) Mio. |
| Routverrécklung | (480 ± 3) ∙ 10-6 |
| Radialvitess | +144 (±1) |
| Absolutten Duerchmiesser | 70 000 |
| Geschicht | |
| Entdecker | James Dunlop |
| Entdeckungsdatum | 5. August 1826 |
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
| AM | 0052-375 |
| GC | 169 |
| h | 2359 |
| HIPASS | J0054-37 |
| IRAS | 00528-3758 |
| MCG | -06-03-005 |
| NGC | 300 |
| PGC | 3238 |
| ESO | 295-20 |
| Dun | 530 |
| SGC | 005232-3757.2 |
| 2MASX | J00545347-3741037 |
Den NGC 300 ass eng Galaxie mat opfälleger Spiralstruktur (Typ Sc) am Stärebild Sculptor um südleche Stärenhimmel. Si huet e Wénkelduerchmiesser vun 21,9' × 15,5' an eng visuell Magnitude vun 8,1 mag. Si läit ronn 7 Millioune Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech. Mat engem Duerchmiesser vun zirka 45.000 Liichtjoer ass si däitlech méi kleng wéi eis Mëllechstrooss mat 100.000 Liichtjoer Duerchmiesser[3][4].
Den NGC 300 an déi onreegelméisseg Galaxie NGC 55 goufe vu villen Astronomen als Deel vun der Sculptor-Grupp ugesinn. Déi jéngst Miessunge vun där Galaxie hu gewisen, datt si sech nëmmen an der Géigend vun deem Galaxiëkoup ophalen[5].
Den Objet gouf de 5. August 1826 vum schotteschen Astronom James Dunlop entdeckt.
- Foto vum ultraviolette Liicht, opgeholl mam GALEX
- ESO: H-alpha-Foto vum 2,2-Meter-Teleskop um La Silla-Observatoire
- Infraroutfoto vum Spitzer-Weltraumteleskop
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: NGC 300 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- SEDS
- SIMBAD Query
- Artikel a Biller vum NGC 300 op wikisky.org
- NGC/IC Projet
- (en) NGC 300 an der NASA Extragalactic Database
- (en) http://www.astrosurf.com/antilhue/ngc_300.htm
- ESO Press 27. Januar 2010 Black Hole Hunters Set New Distance Record
- Astronews
- GALEX