James Dunlop

Vu Wikipedia
James Dunlop
Gebuer 31. Oktober 1793
Schottland
Gestuerwen 22. September 1848
New South Wales
Nationalitéit Australien
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society, Royal Society of Edinburgh

Den James Dunlop, gebuer den 31. Oktober 1793 zu Dalry, Schottland, a gestuerwen den 22. September 1848 zu Boora Boora, Australien war en a Schottland gebuerenen Astronom, dee spéider an Australien täteg war.

Den Dunlop, deen am Ufank an enger mechanescher Fabrick geschafft huet, fabrizéiert vun 1810 un Teleskope.

Nodeem hien 1820 d'Bekanntschaft mat dem Sir Thomas Brisbane gemaach huet, huet hien ugefaange sech ëmmer méi fir Astronomie z'interesséieren. Am Joer 1821 gouf hien Assistent vum Karl Rümker am neien Observatoire vu Parramatta an New South Wales.

Vun 1827 bis 1831 schafft hien um private Brisbane-Observatoire zu Roxburgh a Schottland.

Am Joer 1831 ass hien Direkter vum Observatoire vu Parramatta ginn, wou hie bis 1847 geschafft huet.

Den Dunlop verëffentlecht e Katalog mat 7835 Duebelstären am Joer 1826, souwéi e Katalog mat 629 nei entdeckten niwwelegen Objeten (1828), kuckt Dunlop-Katalog.

Fir seng Leeschtunge gouf hien 1828 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]