Thomas Brisbane

Vu Wikipedia
Thomas Brisbane
Gebuer 23. Juli 1773
Largs
Gestuerwen 27. Januar 1860
Largs
Nationalitéit Australien, Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
Educatioun Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Astronom, Militär, Politiker
Member vun Royal Society, Royal Society of Edinburgh

De Sir Thomas Makdougall Brisbane, gebuer den 23. Juli 1773 zu Largs an och do den 21. Januar 1860 gestuerwen, war en Zaldot an Astronom. Hien hat op der Universitéit Edinburgh Astronomie a Mathematik studéiert. Spéider ass hie bei d'brittesch Arméi gaangen.

Déngschtzäit an der Arméi[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat an Irland, Flandern an a Westindien gedéngt, ier hie sech a senger Pensioun, nees mat der Astronomie beschäftegt huet.

Gouverneurszäit[änneren | Quelltext änneren]

Vum 4. Dezember 1821 bis den 1. Dezember 1825 war de Brisbane Gouverneur vu New South Wales. An dësem Zäitraum gouf de Floss Brisbane River (1823) an d'Stad Brisbane (1824) no him genannt. Als Gouverneur war hie kompetent, awer Problemer mat senger Verwaltung a Form vun Zivilbeamte féierten dozou, datt hien dankbar war, 1825 nees a säin Observatoire zeréckzekommen.

Verdéngschter an der Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Haaptinteressi vum Brisbane war d'Astronomie. 1808 baut hien en Observatoire zu Ayrshire. Wéi hien zum Gouverneur beruff gouf, hat hien all seng Instrumenter an déi béid Astronomen Karl Rümker an James Dunlop mat op New South Wales geholl. Sou konnt hie sech an der Zäit, an där de Gouverneur Lachlan Macquarie nach am Amt war, verstäerkt astronomesch Observatioune maachen. Och den éischte gutt gëeegenten australeschen Observatoire zu Parramatta, westlech vu Sydney, gouf 1822 vun him gegrënnt. Am Joer 1828 krut hien d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society. 1835 publizéiert hien The Brisbane Catalogue, e Stärekatalog, an deem 7.385 Stäre vun der südlecher Hemisphär erfaasst waren. Den Observatoire zu Parramatta war bis 1855 a Betrib.

Auszeechnunge[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Thomas Brisbane (Encyclopædia Britannica) – Quellentexter

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie