Op den Inhalt sprangen

Brisbane

Vu Wikipedia
Brisbane
Land Australien
Bundesstaat Queensland
Administratioun Brisbane City Council
Awunner 2.706.966 (2023)
Fläch 15.826 km²
Koordinaten 27°28'4"S, 153°1'40"O
Telefonszon 0721
Websäit https://www.brisbane.qld.gov.au/

Brisbane [ˈbɹɪzbən] (vun den Australier Brissie genannt), ass d'Haaptstad vum Queensland am Nordoste vun Australien.

D'Stad läit do wou de Brisbane River an d'Korallemier leeft, an huet 1,73 Mio. Awunner (am Ballungsraum). Brisbane ass souwuel e kathoulesche wei och en anglikanesche Bëschofssëtz. Wirtschaftlech ass d'Pëtrolsindustrie wichteg. Am Joer 1824 gouf Brisbane als Strofkolonie gegrënnt a gouf nom deemolege Gouverneur vun New South Wales, dem Sir Thomas Brisbane benannt.

Brisbane ass virun allem wéinst sengen Héichschoule bekannt (ënner anerem d'University of Queensland, d'Queensland University of Technology an d'Griffith University), souwéi och fir d'Vakanzeparadäisser Sunshine Coast a Gold Coast, mat hirer Lag direkt op der Küst an dem allgemeng gudde Wieder.

 Commons: Brisbane – Biller, Videoen oder Audiodateien