Gouverneur

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Gouverneur ass en Titel vun enger Amtspersoun dee verschidde Funktiounen, jee no Land a Period, bezeechent.

Am militäresche Milieu ass de Gouverneur gemenkerhand deen, deen déi zivil an/oder militäresch Exekutivgewalt iwwert eng Provënz, e Staat (am Fall vun enger Federatioun) oder enger Kolonie exekutéiert. Hien ënnersteet meeschtens enger méi héijer Autoritéit, dacks dem Staatschef oder der Regierung vun deem Land fir dat hie schafft. An engem federale Staat regéiert et entweeder am Numm vun der Zentralregierung wann e genannt gëtt oder autonom wann et gewielt gëtt (dat ass z. B. de Fall an den US-amerikanesche Bundesstaaten). E Gouverneur kann och e lokale Vertrieder vun enger Kompanie sinn, deen eng Festung, eng Buerg, eng Zitadell oder souguer eng Militärregioun kommandéiert.

Den Titel Gouverneur gëtt och nach gebraucht fir eng Persoun, déi eng grouss Institutioun oder eng Bank leet, sou wéi dat z. B. bei der Banque de France de Fall ass. De President vun der europäescher Zentralbank gëtt heiansdo och Gouverneur genannt.

Gouverneuren zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gouverneure vu Lëtzebuerg.

An anere Länner (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Australien[änneren | Quelltext änneren]

De Generalgouverneur vun Australien (Governor-General of the Commonwealth of Australia) ass de Vertrieder vum australesche Staatschef, dem Charles III., Kinnek vun Australien. Seng Muecht ass net just eng Representatiounsmuecht, mä hien huet wéinst senger grousser Kompetenz eng richteg institutionell Roll.

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch ass de Gouverneur de Kommissär vun der federaler Regierung, awer och vun der Regioun an an der Provënz och vun der Communautéit. En ass verantwortlech fir déi federal Reglementer an enger Rei Beräicher ëmzesetzen, dorënner d'zivil Sécherheet an d'Noutpläng, d'Policesécherheet an d'ëffentlech Uerdnung, d'Tutelle administrative a punkto lokal Police, d'Waffegesetzgebung, d'Pompjeeën, asw.

Gouverneure gi vun der Regierung genannt an ofgeruff. Dem Gouverneur seng Aufgabe gläichen deene vum Prefekt an de franséischen Departementer.