Federale Staat

Vu Wikipedia

E federale Staat oder eng Federatioun ass ee souveräne Staat, deen, am Géigendeel zu engem Eenheetsstaat, aus méi Deeler besteet, déi méi oder wéinger Autonomie hunn.

D'Deeler vun engem federale Staat, och als Bundesstaat (État fédéral) bezeechent, sinn - jee nodeem - "Staaten" (eigentlech "Gliddstaaten" oder "États fédérés"), wéi am Fall vun den USA, vu Mexiko, vun Indien, vun Australien, asw., "Republicken" (Sowjetunioun), "Bundeslänner" (Bundesrepublik Däitschland, Bundesrepublik Éisträich...), "Kantonen" (Schwäiz) oder "Regiounen" an/oder "linguistesch Communautéiten" (Belsch). De belsche Federalismus ass iwwregens ganz speziell, well en an engem Kinnekräich dräi Regiounen an dräi linguistesch Communautéite "vereenegt", woubäi d'Regiounen an d'Communautéiten net genee iwwerenee stëmmen.

N.B.: D'Schwäiz bezeechent sech zwar nach ëmmer gär als "Helvetesch Confederatioun" (=> CH / Confoederatio Helvetica), an nennt all eenzele Kanton och mol "Republik a Kanton...", mä streng rechtlech gesinn ass déi haiteg Schwäiz eng Federatioun.

An engem federale Staat hunn d'Deeler keng international unerkannt Souveränitéit; si hunn héchstens intern Autonomierechter (an de Beräicher Kultur an Educatioun, am Sproochgebrauch, a verschidden Aspekter vum Droit, besonnesch am Fiskalrecht, eventuell och an der Justiz, asw.). Déi Deeler oder federéiert Entitéiten hu jiddefalls méi Rechter wéi d'Regiounen an engem nëmme méi oder wéineger regionaliséierten Eenheetsstaat wéi, z. B., Italien oder Frankräich.

Eng Konfederatioun, dogéint, ass een Ensembel vu souveränen an international unerkannte Staaten, deemno e Staatebond, déi sech zesummen dinn, fir gemeinsam eppes z'erreechen, sief et um politeschen, um wirtschaftlechen oder um militäresch-strateegesche Plang. All Memberstaat bleift am Prinzip fräi, jidderzäit aus der Konfederatioun auszetrieden. D'Konfederatioun selwer kann awer als Eenheet vis-à-vis vun anere Staaten um internationale Parquet optrieden an eventuell Ambassaden oder soss Vertriedungen am Ausland opmaachen an ënnerhalen.

D'USA waren am Ufank eng Konfederatioun vun dräizéng souveräne Staaten (Exkolonië vun England). Relativ séier hu se sech awer zu enger Federatioun, mat enger Verfassung, mat engem President, mat enger Haaptstad, mat engem gemeinsame Fändel a mat enger Wärung zesummegedoen. D'Amerikaner schwätzen an der Reegel éischter vun "Union" (Unioun) wéi vu Federatioun.

Den Däitsche Bond (1815-1866), z. B., war eng militäresch-strateegesch a, bis zu engem bestëmmte Grad, och politesch Organisatioun, an där déi verschidde Memberstaaten (inkl. Lëtzebuerg) duerch Diplomate vertruede waren, déi geleeëntlech zu Frankfurt am Main zesummekoumen. Presidéiert gouf dat Ganzt, op Franséisch Confédération germanique genannt, aus Prestigegrënn, vum Keeser vun Éisträich. Wichteg Membere waren, nieft dem Keeserräich Éisträich, d'Kinnekräicher Preisen, Bayern, Hannover, Sachsen a Württemberg; mee et gouf jo nach méi wéi drësseg aner Staaten a "fräi Stied" an desëm Bond.

Wéi déi US-amerikanesch Südstaate sech kuerz no der Wal vum President Abraham Lincoln, deen d'Sklaverei ofschafe wollt, vun de Vereenegte Staaten, deemno vun der Unioun getrennt hunn, hu s'am Prinzip eng Konfederatioun gebilt. Well d'Unioun ("den Norden") dës Trennung oder Sezessioun net konnt dulden, koum et zum Krich, an déi angeeblech Konfederatioun vun de Südstaaten huet noutgedronge wéi een Eenheetsstaat misse funktionéieren: et gouf ee gemeinsame Staatschef gewielt, nämlech den Jefferson Davis, an et gouf och eng Haaptstad, an zwar Richmond, als Regierungssëtz bestëmmt. A wéi den Norden de Krich bis gewonnen hat, war et souwisou mat där Konfederatioun eriwwer.

Nom Ënnergank vun der Sowjetunioun (~1990) hu sech déi meescht fréier Sowjetrepublicken zu enger Konfederatioun zesummegedoen, déi als Gemeinschaft vun onofhängege Staaten bezeechent gëtt.

D'Europäesch Unioun (EU), déi ee ganz originelle Konstrukt ass, dee säi Modell permanent sicht a stéissweis weiderentwéckelt, ass prinzipiell ënnerwee, fir eng Kéier eng Federatioun ze bilden. Ob dat jee méiglech gëtt, steet an de Stären. Momentan ass d'EU éischter eng Zort Konfederatioun, mä d'Decisioune gi vun Ufank un op engem supranationalen Niveau diskutéiert a geholl (Europaparlament, Europäesch Kommissioun, asw.), deemno net, wéi an enger klassescher Konfederatioun, op engem zwëschestaatlechen Niveau. Allerdéngs hunn déi verschidde Memberstaaten all op Deeler vun hirer Souveränitéit zu Gonschte vun de supranationalen Instanze verzicht (z. B.: am Agrarsecteur gëtt et eng gemeinsam koordonéiert Politik; déi eenzel Staate kënnen deemno net egal wat maachen, ouni där gemeinsamer Linn ze follegen).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gérard Cornu, Vocabulaire juridique; Paräis (Presses universitaires de France / PUF), 2011 (9., revidéiert Oplo); 1095 Säiten. ISBN 978-2-13-058911-2
  • Fédération des États-Unis - Confédération suisse - Fédération allemande - Communauté européenne. Rapports présentés au Comité d'Action pour les États-Unis d'Europe; mat engem Virwuert vum Jean Monnet; Lausanne (Centre de Recherches européennes), 1972; 150 Säiten.
  • Marcel Prélot, Institutions politiques et droit constitutionnel; Paräis (Dalloz), 1972 (5. Oplo), lafend iwwerschafft; 925 Säiten.
  • Jean-Paul Jacqué, Droit institutionnel de l'Union européenne; Paräis (Dalloz), 2012 (7. Oplo); 786 Säiten. ISBN 978-2-247-12010-9
  • Henri Goedert, 1815 - La Confédération germanique (Der Deutsche Bund): Un nouveau port d'attache pour le Luxembourg; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques (de l'Institut grand-ducal); Bd. XX; Lëtzebuerg, 2017; Ss. 191-234. ISBN 978-999959-926-3-7