Henri Goedert

Vu Wikipedia
Henri Goedert
Gebuer 9. Januar 1951
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Affekot
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

Den Henri Goedert, gebuer den 9. Januar 1951, ass e lëtzebuergesche Jurist (PhD), Professeur associé (bis 2009) op der Uni Lëtzebuerg an Auteur vun Artikelen an de Beräicher Droit a Geschicht. Hien ass ee Jong vum Albert Goedert.

1978 huet den Henri Goedert den Exame gemaach fir Avocat avoué ze ginn, huet awer du säi ganzt Beruffsliewen als Betribsjurist am Service juridique vun der ARBED, spéider ArcelorMittal, geschafft. Donieft huet hien och Droit zu Lëtzebuerg enseignéiert. Hien huet zënter 1983 ee franséische Staatsdoktorat, deen hie sech mat enger Thees zum Theema La représentation des salariés dans les organes des sociétés en droit luxembourgeois et en droit ouest-allemand verdéngt huet. 2009 huet hie sech als Professeur associé vun der Uni Lëtzebuerg zeréckgezunn.

Den Henri Goedert ass zënter 1979 effektive Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal zu Lëtzebuerg.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Un nouvel instrument juridique: le groupement européen d'intérêt économique (GEIE); in: Diagonales à travers le droit luxembourgeois - Livre jubilaire de la Conférence Saint-Yves 1946-1986; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1986; Ss. 203-226.
  • La chute du gouvernement de La Fontaine en novembre 1848; in: Institut grand-ducal - Actes de la Section des Sciences morales et politiques, Bd. VIII, Lëtzebuerg 2004.
  • Le principe monarchique ("das monarchische Prinzip") en droit public allemand et luxembourgeois au XIXe siècle et au début du XXe siècle; in: Hémecht, Joergang 59 (2007), Heft 1, Ss. 19-44.
  • 1815 - La Confédération germanique (Der Deutsche Bund): un nouveau port d'attache pour le Luxembourg; in: Institut grand-ducal - Actes de la Section des Sciences morales et politiques, Bd. XX, Lëtzebuerg 2017; Ss. 191-224 (+ 10 Säiten Diskussioun zum Virtrag).
  • 4 août 1914: expulsion de l'ambassadeur Mollard - Les premières répercussions de l'occupation allemande avec des mesures contre le ministre plénipotentiaire de France; in: Die Warte - Perspectives, am Luxemburger Wort vum 3. Juli 2014.