Galaxiëgrupp

Vu Wikipedia
D'Ëmgéigend vun der Lokaler Grupp bis ronn 20 MLj Distanz. Den agezeechente Plang ass den Equatorplang vun der Äerd, déi zwéi Feiler ginn d'Richtung zum Zentrum vum lokale Superkoup, dem Virgo-Galaxiëkoup respektiv deem eppes méi klenge Fornax-Galaxiëkoup un, déi béid si ronn 60MLj ewech.

Galaxiëgruppe si kleng Usammlunge vu Galaxië mat mat 50 bis 100 Objeten an engem Volumen, mat engem Duerchmiesser vu bis zu 10 Millioune Liichtjoer (MLj). Hir Mass ass ongeféier 1013 Sonnemassen. D'Vitess vun den Objete variéiert ëm ongeféier 150 km/s. D'Ofgrenzung zu de Galaxiëkéip ass net genee definéiert.

Och eise Mëllechstroossesystem ass an enger Grupp, der Lokaler Grupp. Déi huet, nieft der Mëllechstrooss, d'Spiralgalaxis M 31 am Stärebild vun der Andromeda, Messier 33 am Stärebild Triangulum, an nach e Koup Galaxien déi si begleede wéi z. B. d'Magellanesch Wolleken.

An der Ëmgéigend vun der Lokaler Grupp gëtt et nach vill aner Galaxiëgruppen, déi ee groussen Deel vun den hellste Galaxien um Himmel als Memberen hunn. Déi wichtegst vun dëse Gruppe sinn:

  • D'Maffei-Grupp, genannt nom Entdecker vun deenen zwou gréisste Galaxië vun dëser Grupp. Dës Grupp op enger Distanz vu 6 bis 12 MLj, ass vun eis aus gesinn, bal komplett duerch d'Mëllechstroossescheif verstoppt. Obwuel et sech ëm déi noost Nopeschgrupp handelt, gouf si eréischt spéit am zwanzegste Joerhonnert entdeckt. Déi eenzeg hell Galaxis vun dëser Grupp, déi net duerch interstellar Extinktioun extreem ofgedonkelt erschéngt, ass den IC 342. D'Grupp läit an de Stärebiller Cassiopeia a Camelopardalis.
  • D'Sculptor-Grupp, genannt nom Stärebild Sculptor, an deem déi hellst Objete vun der Grupp leien. Dës Grupp läit op enger Distanz vun 10 MLj an huet mat der Sculptor-Galaxis (NGC 253) déi hellst Galaxis baussent der Lokaler Grupp, déi op der Südhallefkugel ze fannen ass.
  • D'M81-Grupp, déi nëmmen e bësse méi wäit vun der Sculptor-Grupp ewech ass a mat der Bodes Galaxis (M 81) déi hellst Galaxis baussent der Lokaler Grupp huet.
  • D'M83-Grupp oder och NGC5128-Grupp, déi no den hellste Membergalaxien, der südlecher Feierrad-Galaxis (M 83) an Centaurus A (NGC 5128) genannt ass. D'Grupp ass um Südhimmel an de Stärebiller Hydra an Centaurus ze fannen an ass 12 bis 17 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.
  • D'Canes-I-Grupp oder CVn-I-Grupp (och M94-Grupp) am Stärebild Canes Venatici. D'Grupp läit 13 bis 18 MLj ewech; hiren hellsten Objet ass d'Spiralgalaxis M 94.