Camelopardalis (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Camelopardalis
Lëtzebuergeschen Numm Giraff
Laténgeschen Numm Camelopardalis
Laténgesche Geenitiv Camelopardalis
Laténgesch Ofkierzung Cam
Positioun Nërdlechen
Fixstärenhimmel
Rektaszensioun 3h 15m bis 14h 27m
Deklinatioun +52° 39' bis +86° 05'
Fläch 757 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 37° Süd
Observatiounsszäitraum
fir Mëtteleuropa
Am ganze Joer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
β Cam,
4,03m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Cassiopeia

Perseus
Auriga
Lynx
Ursa Major
Draco
Ursa Minor
Cepheus

Kaart vum Stärebild Camelopardalis

De Camelopardalis) (Giraff) ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Giraff ass e laangt awer onoffällegts Stärebild.

Tëscht de markante Stärebiller Ursa Major a Cassiopeia souwéi déi hell Stären Polaris (am Grousse Bier) an de Capella (am Auriga) ass eng grouss Fläch, déi keng offälleg Stären huet. An dësem Gebitt läit Giraff, déi nëmmen aus Stäre vun der véierter, fënnefter oder sechster Gréissteklass zesummegesat ass. Den hellste Stär, β Camelopardalis, huet eng visuell Magnitude vu 4,0m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Antiquitéit goufen d'Stäre vun der Giraff zu kengem Stärebild gezielt. Eréischt den hollännesche Geléierte Petrus Plancius huet de Camelopardalis am Joer 1613 agefouert, fir déi fräi Plaz um Himmel zouzemaachen.

Den däitschen Astronom Jacob Bartsch, en Eedem vum Johannes Kepler huet d'Stärebild a säi Planisphaerium Stellaris am Joer 1624 iwwerholl. Hien huet allerdéngs eent an der Bibel ernimmt Reitdéier dra gesinn, op deem d'Rebekka op hir Hochzäit geridden ass. Warscheinlech huet de Bartsch gemengt, datt et sech ëm e Kaméil handelt.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm, an aner
Bezeechnungen
m M Lj Spektralklass
β 16 4,03 -3,4 1000 G0 Ib
CS 4,21 -6,4 4000 B9 Ia
α 9 4,26 -7 7000 09.5 Ia SB
BE 4,39 -3 1000 M1 III
7 4,43 -0,9 380 A1 V
HR 1040 4,55 -5 2500 A0 Ia SB
M 4,55 0,76 187 K4 III
γ 4,59m -0,5 340
BK 4,74 -2 800 B2.5 V
HR2209 4,76 1,1 176 A0 V
HR 1129 4,78 -2 800 A3 V
VZ 4,92 -0,9 470 M4 IIIa
3 5,05
11 5,08
43 5,12
42 5,14

Den α Camelopardalis, ass mat enger visueller Magnitude vu 4,26m den drëtthellste Stär an der Giraff. Miessunge vum Satellit Hipparcos hunn eng Distanz vu 7.000 Liichtjoer erginn. Well d'Parallaxemiessunge bei wäite Stäre mat groussen Ongenauegkeete verbonne sinn, kéint d'Distanz och nëmme 4.000 Liichtjoer sinn. Bei dem Stär handelt et sech ëm ee masseräiche blo-wäissen Iwwerris.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System m Ofstand
β 4,03/7,4 81"
11 5,1/6,3 180"

Den β Camelopardalis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer. Hie besteet aus engem gielen Haaptstär mat der Spektralklass G0 an engem wäiss liichtendem Begleetstär vun der Spektralklass A5. Den Haaptstär huet déi 7fach Mass an déi 32fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

D'System 11 Camelopardalis ass 600 Liichtjoer ewech. Et besteet aus engem blo-wäisse Stär vun der Spektralklass B3 an engem orangë Stär mat der Spektralklass K0.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär m Period Typ
CS kuerzperiodesch Verännerlecher
BE kuerzperiodesch Verännerlecher
11 RS-Canum-Venaticorum-Stär

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC sonstige m Typ Numm
1502 6,0 Oppene Stärekoup
2403 8,5 Galaxis

Den NGC 1502 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6.800 Liichtjoer. Endeckt gouf si vum Wilhelm Herschel.

Den NGC 2403 ass eng Galaxis déi ronn 10 Mio. Liichtjoer vun eis ewech ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Camelopardalis – Biller, Videoen oder Audiodateien