Capella (Stär)

Vu Wikipedia
Kaart vum Stärebild Auriga
Gréisstevergläich tëscht der Sonn an de Komponente vum Capella-Stäresystem

De Capella (lat. fir „kleng Geess“) ass den Haaptstär (α Aurigae) am Stärebild Auriga. Hie gehéiert zum Wantersechseck. De Capella gëtt och vereenzelt Alhajoth genannt, wat warscheinlech eng arabiséiert Form vum griichesche Wuert αίξ (Widder) ass.

Den Numm Capella geet op d'griichesch Mythologie zeréck, no där de griichesche Gott Zeus vun enger Geess (Amaltheia) geniert gouf, wéi hien op Kreta opgewuess ass. Als Merci huet hie s'op de Stärenhimmel versat.

Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Distanz: zirka 42 Liichtjoer
  • absolut Magnitude: -0,5
  • visuell Magnitude: 0,08
  • Katalognimm: NSV 01897, 13 Aur, HR 1708, HD 34029, SAO 40186, FK5: 193, WDS 05167+4600A
  • Rektaszensioun (Equinoxe 2000.0): 5h16m41.40s
  • Deklinatioun (Equinoxe 2000.0): +45°59'53.0"

De Capella ass e spektroskopeschen Duebelstär. D'Komponente lafen op bal ronne Kreesbunnen an 104 Deeg ëm de kollektive Schwéierpunkt.

Spektralklasse vum Duebelstär: G8 a G1; Liichtkraaftklass III

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Capella ass en Duebel-Duebelstäresystem, mat de Komponenten Aa an Ab souwéi Ha an Hb (a verschiddene Katalogen och La an Lb genannt). Spektroskopesch markant sinn nëmmen d'Komponente Capella Aa an Ab, déi sech am Ofstand vun 0,71 AE an 104 Deeg ëm de kollektive Schwéierpunkt op enger bal perfekter Kreesbunn beweegen. Déi béid Duebelstäresystemer A an H (L) hunn an der Moyenne en Ofstand vun 11.000 AE vuneneen. Wärend d'Komponenten Aa (Spektralklass G5III) an Ab (G0III) zu de sougenannte giele Rise gehéieren, handelt et sech beim Ha (M2V) an Hb (M4V) ëm rout Zwergen, déi sech am Ofstand vun 48,1 AE ëmkreesen.

Mat enger Distanz vu gutt 42 Liichtjoer gehéieren déi zwéin Haaptstären zu de Risestären, déi relativ no bei der Äerd stinn. Wéinst der Eegebeweegung vum System zielt de Capella zum Hayden-Stroum, enger wäit verdeelter Grupp vu Stären, fir déi de physikaleschen Zesummenhank nach ongekläert ass.[1]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Hyades stream: an evaporated cluster or an intrusion from the inner disk?, B. Famaey, F. Pont, X. Luri, S. Udry, M. Mayor, and A. Jorissen, Astronomy and Astrophysics 461, #3 (January 2007), pp. 957–962.