Op den Inhalt sprangen

Giele Ris

Vu Wikipedia
Hertzsprung-Russell-Diagramm:
Absziss: Faarwenindex
Ordinat: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen, III: Risen, IV: Ënnerrisen, V: Haaptsequenz (Zwergen), VI: Ënnerzwergen, VII: Wäiss Zwergen

E Giele Ris ass e masseräiche Stär mat Spektralklassen F a G.

Giel Risestäre stralen hiert Liicht virun allem am visuelle Beräich an erschéngen opgrond vun hirer Uewerflächentemperature gielzeg resp. gielwäiss. Giel Rise si méi kill a méi massenaarm wéi vergläichbar änlech grouss Bloe Risen. Am Géigesaz zu Rout Risen, déi hir Gréisst eréischt am Endstadium vun hirer normaler Stärenentwécklung erreechen, wa si sech ausdehnen, sti Giel Risen am Ufank oder an der Mëtt vun hirem Liewen. Bei villen handelt et sech awer ëm fréier Blo Risen oder schwéier Haaptreiestäre, déi sech mat enger gieler Phas kuerz virun hirem Enn a Rout Rise oder Rout Iwwerrisen ëmwandelen.

Mat 50007500 K ass hir Uewerflächentemperatur vergläichbar mat där vun eiser Sonn. Giel Rise sinn ëmmer am mëttleren ieweschte Beräich vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.

Giel Rise verbrauchen hire Kärbrennstoff an zéng bis honnert Millioune Joer. Duerno blose si sech zu Rouden Iwwerrisen op an enden an engem Typ II-Supernova.

NummMass RadiusLiichtkraaft
Arneb (α Lep A)9 M 75 R13.000 L
Canopus (α Car)8 M 72 R14.800 L
Capella Aa (α Aur Aa)3 M 10,8 R75,8 L
My Velorum A (μ Vel A)3 M 13 R90,6 L
Sham (α Sge A)4 M 20 R340 L
Wezen (δ CMa)17 M 200 R50.000 L

Am Allgemenge si Giel Rise relativ rar.

Portal Astronomie