Bloe Ris

Vu Wikipedia
Eis Sonn an de bloe Ris Alnitak am Orion

E Bloe Ris ass e Stär, deen eng Ausdeenung vergläichbar mat engem Roude Ris, allerdéngs mat 10-50 Sonnemassen eng däitlech méi héich Mass huet.

Wärend e Roude Ris seng Gréisst eréischt um Ennstadium vu senger 'normaler' Stärenentwécklung kritt, sou ass d'Zouhuele vun der Gréisst bei engem Bloe Ris net sou dramatesch. Déi héich Mass féiert zu enger héijer Dicht vun der Matière am Stärkär, déi eng héich Reaktiounsrat am Stärebrenne mat sech zitt. Déi doraus resultéierend Energiefräisetzung bewierkt eng Uewerflächentemperatur, déi mat 20.000-30.000 K däitlech iwwer där vun eiser Sonn läit. Duerch déi héich Temperatur läit den Emissiounsmaximum (no dem Wiensche Gesetz fir e Schwaarze Kierper) am ultravioletten Deel vum Liichtspektrum, wat e bloe Faarfandrock vun dësem Stär an sou hiren Numm ausmécht.

Am Géigesaz zu ville massenaarme Stären, déi eng Liewensdauer vu ville Milliarde Joer hunn (z. B. eis Sonn zirka 10 Milliarden), duerchlafe Blo Risen hir Waasserstoffbrennphas wéinst der héijer Reaktiounsrat an nëmmen e puer zéch Millioune Joer. Duerno blose si sech zu engem Rouden Iwwerris op an enden an enger Typ-II Supernova.

Beispiller fir Blo Rise si Rigel, Regulus, Saiph, Deneb souwéi de Stär, deen d'Supernova 1987A ausmécht. Am Allgemenge si Blo Rise relativ rar.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie