Lynx (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Lynx
Lëtzebuergeschen Numm Luchs
Laténgeschen Numm Lynx
Laténgesche Geenitiv Lyncis
Laténgesch Ofkierzung (Lyn)
Rektaszensioun 6h 16m bis 9h 42m
Deklinatioun +32° 58' bis +61° 57'
Fläch 545 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden -35° bis +90°
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Dat ganzt Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär,
Gréisst
α Lyn,
3,13m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Camelopardalis
Auriga
Gemini
Cancer
Ursa Major
Kaart vum Stärebild Lynx

De Lynx (Luchs) ass en onschäinbaart Stärebild um Nordhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Lynx besteet aus enger Kette vu liichtschwaache Stären. Nëmmen den hellste Stär, α Lyncis, erreecht déi 3. Gréissteklass. Hien ass och deen eenzege Stär am Stärebild, dee mat engem griichesche Buschtaf bezeechent gëtt. Déi iwwereg Stäre ginn allgemeng mat hirer Flamsteed-Bezeechnungen opgelëscht. Um Himmel ass de Luchs nëmme schwéier auszemaachen. Hien ass an engem relativ stärenaarme Gebitt tëscht dem Grousse Bier an den Zwillingen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf vum Astronom Johannes Hevelius agefouert an ass fir d'éischt am Joer 1690 a sengem Himmelsatlas publizéiert ginn. Wéi den John Flamsteed Ufanks vum 18. Joerhonnert d'Stären duerchnummeréiert huet, hunn nach keng genee definéiert Stärebillergrenzen existéiert. Dës goufen eréischt am Joer 1930 vun der IAU festgeluecht. Dobäi goufen e puer Stären, déi vum fréiere Stärebild ze wäit ewech waren, neie Stärebiller zougewisen. Dofir steet de Stär 10 UMa haut am Luchs. Ëmgekéiert steet de 41 Lyncis am Ursa Major.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Numm Gréisst
α Lyn 3,13m
38 Lyn 3,8m
10 UMa 4,0m
38 Lyn 4,3m

Den α Lyncis ass 170 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Roude Ris mat der Spektralklass K9 III.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréissten Ofstand
38 Lyn 3,9m/6,4m 2,7"

Den 38 Lyncis ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 90 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem. Déi zwou Komponente sinn an de Spektralklassen A2 a G0.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
2683 10,0m Galaxis

Am Luchs ass d'Galaxis NGC 2683. Si ass 10 Millioune Liichtjoer wäit ewech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lynx (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien