Gemini (Stärebild)
Date vum Stärebild Gemini | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Zwilling |
Laténgeschen Numm | Gemini |
Laténgesche Geenitiv | Geminorum |
Latäin. Ofkierung | Gem |
Positioun | Ekliptik |
Rektaszensioun | 6h 00m bis 8h 07m |
Deklinatioun | +35° 25´ bis +9° 50´ |
Fläch | 514 Quadratgrad |
Siichtbar op Breedegraden | 90° Nord bis 60° Süd |
Bescht Observatiounszäitraum |
Wanter |
Stäre mat Gréisst < 3m |
4 |
Hellste Stär, Gréisst |
Pollux (β Geminorum), 1,16m |
Meteorstréim | Geminiden Epsilon-Geminiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Auriga Taurus Orion Canis Minor Cancer Lynx |
D'Gemini (laténgesch) Zwillinge, sinn e Stärebild op der Ekliptik.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild Gemini mécht e laanggezunnent Rechteck um Himmel aus. Déi opfälleg hell Stäre Castor a Pollux maachen déi zwéi westlech Eckpunkten.
Duerch den ëstlechen Deel vum Gemini zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een an deem Beräich vill oppe Stärekéip.
Well d'“Zwillingen“ op der Ekliptik leien, zéien d'Sonn, den Äerdmound an d'Planéiten duerch d'Stärebild. Et gehéiert dofir zu den Déierekreeszeechen. Wéinst der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs huet sech den Duerchgank vun der Sonn géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn duerchleeft d'Zwillinge vum 21. Juni bis den 20. Juli.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Zwillinge gehéieren zu den 48 Stärebiller aus der anticker Astronomie, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Am Joer 1930 gouf bei der Auswäertung vu fotografesche Placken, an den Zwillingen den Zwergplanéit Pluto entdeckt.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 78 | Pollux | 1,16m | 34 | K0 III |
α | 66 | Castor | 1,58m | 50 | A1 V |
γ | 24 | Alhena, Almeisan | 1,93m | 105 | A0 IV |
μ | 13 | Tejat Posterior, Nuhatai, Calx | 2,94 bis 3,00m | 250 | M3 III |
ε | 27 | Mebsuta | 3,06m | 900 | G8 Ib |
η | 7 | Tejat Prior | 3,24 bis 3,96m | 250 | M3 III |
ξ | 31 | Alzir | 3,4m | 64 | F5 III |
δ | 55 | Wasat | 3,50m | 60 | F2 IV |
θ | 34 | 3,6m | 150 | A3 III | |
κ | 77 | 3,57m | 150 | G8 III | |
λ | 54 | 3,58m | 80 | A3 V | |
ζ | 43 | Mekbuda | 3,7 bis 4,2m | 1200 | G0 + G1 |
ι | 60 | 3,78m | 150 | K0 III | |
υ | 69 | 4,06m | 250 | M0 III | |
ν | 18 | 4,13m | 300 | B7 IV | |
1 | 4,16m | ||||
ρ | 62 | 4,16m | 60 | F0 V | |
σ | 75 | 4,23m | |||
τ | 46 | 4,41m | |||
30 | 4,49m | ||||
e | 38 | 4,73m | 80 | A9 + G5 | |
ο | 71 | 4,89m | 60 | F0 V | |
A | 57 | 4,89m | |||
g | 81 | 4,89m | |||
χ | 4,94m | ||||
φ | 83 | 4,97m | |||
b | 65 | 5,01m | |||
f | 74 | 5,04m | |||
51 | 5,07m | ||||
64 | 5,07m | ||||
56 | 5,09m | ||||
π | 80 | 5,14m | |||
ω | 42 | 5,20m | |||
63 | 5,20m | ||||
d | 36 | 5,28m |
De Pollux (β Geminorum), den hellste Stär am Gemini, ass 34 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Risestär, deen orange liicht a gehéiert zu der Spektralklass K0.
Den γ Geminorum läit op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. De Stär liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass A0. D'Nimm Alhena oder Almeisan si hunn en alarabeschen Urspronk a bedeite souvill wéi „d'Brandzeechen“ respektiv „de Stralenden“.
Den ε Geminorum ass trotz senger Distanz vu ronn 900 Liichtjoer opfälleg hell. Et handelt sech ëm e Risestär vun der Spektralklass G5 mat dem 150fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
Den arabeschen Numm Mebsuta leet sech vun „déi ausgestreckte Prank vum Léiw“ of.
De Stär läit bal genee op der Ekliptik, a gëtt doduerch heiansdo vu Planéite bedeckt. Am Joer 1976 ass de Mars vun der Äerd aus gesinn, genee virun dem Stär laanscht gezunn.
De Stär δ Geminorum, deen op enger Distanz vu 60 Liichtjoer läit, ass och an nächster Ëmgéigend vun der Ekliptik. Am Joer 1857 gouf hie vum Saturn bedeckt. Den arabeschen Numm Wasat bedeit „d'Mëtt“.
System | Gréisst | Ofstand |
---|---|---|
α | 1,9/2,9m | 4,3" |
ζ | 4,0/7,6m | 101" |
38 Gem | 4,7/sup>/7,7m | 7,1" |
De Castor (α Geminorum) ass e komplext Méifachsystem, bei deem dräi Haaptstären ëm ee vereente Schwéierpunkt kreesen. Jiddweree vun den Haaptstäre gëtt och nees vun engem liichtschwaache Begleeder ëmkreest, deen allerdéngs net mat engem Teleskop ze gesinn ass, an nëmme spektroskopesch noweisbar ass. Déi dräi Haaptstäre kënne mat engem klengen Teleskop gesi ginn.
Stären.]]
[änneren | Quelltext änneren]Objet | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
μ | 2,94 bis 3,00m | onreegelméisseg Verännerlechen | |
η | 3,24 bis 3,96m | 235 Deeg, 3 Deeg | hallefreegelméisseg bedeckungsverännerlech |
ζ | 3,7 bis 4,2m | 10,15 Deeg | Bedeckungsverännerlechen |
De μ Geminorum ass ee verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech reegelméisseg ouni Ukënnegung verännert. Et handelt sech ëm een déifroude Stär vun der Spektralklass M0. Den Numm Tejat Posterior bedeit den „hënneschte Fouss“.
De η Geminorum ass e Roude Ris op enger Distanz vun 190 Liichtjoer, deem seng Hellegkeet mat enger Period vu ronn 235 Deeg variéiert. Et ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär vum Typ My-Cephei. Doriwwer eraus ass et e bedeckungsverännerleche Stär, well hie vun engem liichtschwaache Begleeder ëmkreest gëtt, deen hie bal all dräi Deeg deelweis bedeckt.
De ζ Geminorum läit op enger Distanz vun 1.200 Liichtjoer an ass e verännerleche Stär vum Typ Delta-Cepheiden.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | diverses | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
M 35 | 2168 | 5,5m | Oppene Stärekoup | ||
2129 | 7m | Oppene Stärekoup | |||
2158 | 9m | Oppene Stärekoup | |||
2266 | 9,5m | Oppene Stärekoup | |||
2331 | 9,5m | Oppene Stärekoup | |||
2356 | 9,7m | Oppene Stärekoup | |||
2392 | 9m | Planetareschen Niwwel | Eskimoniwwel | ||
2395 | 8m | Oppene Stärekoup | |||
2420 | 8,3m | Oppene Stärekoup |
De Messierobjet M 35 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vun zirka 3.000 Liichtjoer. Hien ass scho mat bloussem A als niwwelege Fleck ze gesinn.
Den NGC 2129 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer, deen awer nëmme wéineg Stären huet.
An der Géigend vum Stär δ Geminorum fënnt een den NGC 2392, e planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. Den Objet huet den Numm Eskimoniwwel.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gemini – Biller, Videoen oder Audiodateien |