Cancer (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Kriibs
Lëtzebuergeschen Numm Kriibs
Laténgeschen Numm Cancer
Laténgesche Geenitiv Cancri
Latäin. Ofkierzung (Cnc)
Positioun Ekliptik
Rektaszensioun 7h 55m bis 9h 22m
Deklinatioun +6° 28' bis +33° 8'
Fläch 506 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 60° Süd
Beobachtungszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zzuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keng
Hellste Stär
Gréisst
β Cancri (Altarf),
3,52m
Meteorstréim Delta-Cancriden
(16./17. Januar)
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Lynx
Gemini
Canis Minor
Hydra
Leo
Stärebild Cancer

De Cancer (lb: Kriibs) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Kriibs ass een onopfällegt Stärebild, dat sech aus ville relativ liichtschwaache Stären zesummesetzt. Den hellste Stär, β Cancri (Altarf), huet nëmmen déi 3. Gréissteklass. D'Stärebild ass doduerch eppes méi schwéier z'erkennen.

De Kriibs gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild leeft. D'Sonn steet vum 20. Juli bis den 10. August all Joer am Kriibs.

D'Stärebild huet zwéin intressant oppe Stärekéip: déi ee scho mat bloussem A ka gesinn: M 44 (Praesepe), an M 67.

Meteorstréim[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit ëm de 16. an de 17. Januar kann de Meteorstroum vun den Delta-Cancriden observéiert ginn. De Radiant läit am Stärebild Kriibs.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 17 Altarf, Al Tarf, Tarf 3,53m 230 K4 III
δ 47 Asellus Australis 3,94m 150 K0 III
ι 48 3,9 m 300 G6 + A3
α 65 Acubens, Al Zubanah, Sertan, Sartan 4,26m 180
γ 43 Asellus Borealis 4,66m 160 A1 V
RS 5,0 bis 5,6m 2000 M6 II
χ 18 5,13m
8 5,14m
ξ 77 5,16m
ο1 62 5,22m
κ 70 5,23m
ρ2 58 5,23m
σ3 64 5,23m
ρ1 55 55 Cancri 5,3m 45 G8 + M3
η 33 5,33m
θ 31 5,33m
π 55 5,36m
57 5,40m 600 G8 + K0
τ 72 5,42m
σ2 59 5,44m
60 5,44m
ν 69 5,45m
27 5,56m
φ1 22 5,58m
φ2 23 5,6m 400 A3 + A6
23 X 5,6 bis 7,5m 2000 C6 II
45 5,62m
15 5,62m
ζ 16 Tegmen 5,63m 70 F8 + G0
49 5,42m
σ1 51 5,67m
ο2 63 5,68m
υ1 30 5,71m
ψ 14 5,73m

De β Cancri ass mat enger visueller Magnitude vun 3,52m den hellste Stär am Cancer. Et ass e Risestär deen orange liicht, vun der Spektralklass K4 op enger Distanz vun 200 Liichtjoer.

Den Numm Altarf staamt aus dem arabeschen a bedeit „A“.

D'Stären γ an δ Cancri hu laténgesch Nimm Asellus Borealis an Asellus Australis, „nërdlechen a südlechen Iesel“. Si sinn 160 an 150 Liichtjoer ewech. De Stär δ Cancri läit bal op der Ekliptik a gëtt doduerch heiansdo vum Äerdmound oder vu Planéite bedeckt.

Den α Cancri (Acubens), arabesch „d'Schéiere vum Kriibs“ ass e Stär vun der Spektralklass A5 a läit 180 Liichtjoer ewech.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Ofstand
λ 5,6m/6,0m 1,0"
φ2 6,3m/6,3m 5,2"
ι 4,0m/6,6m 30,5"
ρ1 6,0m/6,2m 275"
57 6,0m/6,4m 1,4"

De ρ1 Cancri ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 45 Liichtjoer, mat engem giele Stär vun der Spektralklass G8 an engem déifrout liichtende Stär vun der Spektralklass M3.

De ι Cancri ass 300 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse G6 an A3. Déi zwee Systemer kënne scho mat engem klengen Teleskop an Eenzelstären opgeléist ginn.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
X 5,6m bis 7,5m zirka 180 Deeg hallefreegelméisseg verännerlech
RS 5,0m bis 5,6m zirka 120 Deeg hallefreegelméisseg verännerlech

Den X Cancri ass een hallefreegelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer. Hien ass déifrout a gehéiert zur Spektralklass C6. An engem Rhythmus vu ronn 180 Deeg verännert sech déi siichtbar Magnitude tëscht 5,6 a 7,5m.

Den RS Cancri ass och hallefreegelméisseg verännerlech. Hien ass och ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech, en ass rout a gehéiert zu der Spektralklass M6. Seng Hellegkeet variéiert a ronn 120 Deeg tëscht 5,0 a 5,6m.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
M 44 2632 3,5m Oppene Stärekoup Praesepe
M 67 2682 7,0m Oppene Stärekoup

Am Kriibs sinn zwéin Oppe Stärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten opgeholl huet.

Den M 44, deen och ënner dem Numm Praesepe (Krëpp) bekannt ass, läit eppes méi westlech vun enger geduechter Verbindungslinn vum γ Cancri an δ Cancri. Den M 44 ass ongeféier 500 Liichtjoer vun eis ewech an huet iwwer 300 Stäre mat d'Gréissteklassen tëscht 6 an 12m.

Den M 67 steet westlech vum γ Cancri. Den M 67 ass 2700 Liichtjoer ewech an huet ronn 60 Stären.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cancer – Biller, Videoen oder Audiodateien