Microscopium (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Microscopium
Lëtzebuergeschen Numm Mikroskop
Laténgeschen Numm Microscopium
Laténgesche Geenitiv Microscopii
Laténgesch Ofkierzung Mic
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 20h 27m bis 21h 28m
Deklinatioun -45° 05' bis -27° 27'
Fläch 210 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 45° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer, nëmmen dee nërdlechen Deel
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
γ Mic,
4,67m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Capricornus
Sagittarius
Indus
Grus
Piscis Austrinus
Kaart vum Stärebild Mikroskop

D'Mikroskop, op Laténgesch Microscopium ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Mikroskop ass een onschäinbart Stärebild südlech vum Capricornus. Et huet 15 Stäre vu 4. an 5. Gréissteklass, déi nach mat bloussem A gesi kënne ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf Mëtt vum 18. Joerhonnert vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille agefouert. Et schéngt, wéi wann de Lacaille d'Stärebild, fir déi eidel Plaz opzefëllen, tëscht dem Sagittarius an dem Grus agesat hätt.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
γ 4,67m 224 G8 III
ε 4,71m 165 A0 V
θ1 4,80m 187 A2p
α 4,89m 381 G8 III
ι 5,11m 134 F1 IV
ν 5,12m 216 K0 III
HR 8076 5,20m 354 K2 III
HR 8104 5,25m 109 F5 V
ζ 5,32m 115 F3 V
HR 7987 5,34m 412 K2 III
HR 8110 5,41m 392 K3 III
HR 7893 5,47m 239 K1 III
HR 7933 5,48m 320 B8 + B9V
HR 8202 5,50m 176 Am
δ 5,69m
θ2 5,76m
β 6,06m
AU 8,8m 33

Den γ Microscopii läit op enger Distanz vun 224 Liichtjoer vun eis ewech. Dem giele Stär seng Spektralklass ass G8 III an hien huet den 10fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Typ
AU 8,8m Eruptiv Verännerlechen

Den AU Microscopii ass e rouden Zwergstär op enger kuerzer Distanz vun 33 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet huet nëmmen 8,8m. De Stär, dee vun enger Stëbsscheif ëmkreest ass, weist heiansdo Hellegkeetsausbréch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Microscopium – Biller, Videoen oder Audiodateien