Indus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Indus
Lëtzebuergeschen Numm Indus
Laténgeschen Numm Indus
Laténgesche Geenitiv Indi
Laténgesch Ofkierzung Ind
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 20h 28m bis 23h 28m
Deklinatioun -45° 05' bis -74° 25'
Fläch 294 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 16° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Indi,
3,11m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Microscopium
Sagittarius
Telescopium
Pavo
Octans
Tucana
Grus
Kaart vum Stärebild Indus

Den Indus ass e Stärebild um Südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Indus ass keen opfällegt Stärebild. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. Et fënnt een dëst Stärebild tëscht deenen zwéin hellste Stäre vun de Stärebiller Grus a Pavo (Pohunn).

Den Indus kann ee vun Europa aus net gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Indus gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet déi Stärebiller am Joer 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria agesat.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Al Nair 3,11m 120 K0 III
β 3,67m 400 K1 III
θ 4,39m 100 A5 + A7
δ 4,40m
η 4,51m
ε Epsilon Indi 4,69m 11,82 K4 Vk + T1 V + T6 V
ζ 4,90m
ι 5,06m
μ 5,17m
ν 5,28m
ο 5,52m
κ 5,62m
ρ 6,04m
γ 6,10m
π 6,17m

Den α Indi, den hellste Stär am Indus, ass 120 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass K0 III.
Den Numm Alnair ass arabesch a bedeit „dee Beliichten“. Dësen Numm huet och de Stär α Gruis am Stärebild Grus.

Den β Indi läit 400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a gehéiert zu der Spektralklass K1 II

Den ε Ind ass mat enger Distanz vun nëmmen 11,82 Liichtjoer ee vun den nooste Stären zu eiser Sonn. Seng Liichtkraaft ass net ganz grouss. Si huet nëmmen 13 % Liichtkraaft géintiwwer eiser Sonn. De Stär gëtt vun engem liichtschwaache Brongen Zwerg begleet.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréisst Ofstand
θ 4,5/6,9m 6,7
κ 5,62/6,13m

Den θ Indi steet op enger Distanz vun 100 Liichtjoer zu eiser Sonn. Et ass een Duebelstäresystem. Déi zwou wäiss Komponente kënne scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
7049 10,7m Galaxis
7090 10,7m Galaxis
7205 10,9m Galaxis

Am Indus sinn d'Galaxien NGC 7049, NGC 7090 an NGC 7205.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Indus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien