Protuberanz

Vu Wikipedia
Grouss Protuberanz, opgeholl vum Skylab. Weider kleng Protuberanzen sinn driwwer an um lénkse Bildrand ze gesinn
eng eruptiv Protuberanz

Protuberanzen sinn Matièrestréim op der Sonn, déi um Rand vun der Sonnescheif als schwaach Liichbéi observéiert kënne ginn. Si kënnen awer och a méi klenge Secteuren am Zentrum vun der Sonn virkommen. Wa se als donkel, fuedemfërmeg Strukture virun der Sonnescheif opdauchen, gi si Filamenter genannt.

Protuberanze gesäit en dacks als grouss Béi, déi wäit an de Weltraum stoussen. Si hunn dacks eng Längt vun e puer honnertdausend Kilometer, 40.000 km Héicht an eng Déckt vu 5.000 km. Besonnesch staark Stréim kënnen och iwwer eng Millioun Kilometer wäit iwwer d'Sonnenuewerfläch eropgoen, woubäi de Bou ophiewe kann an dobäi seng Matière an de Weltraum schleidert.

Mir ënnerscheeden zwou Aarte vu Protuberanzen:

  • Rouend Protuberanzen si Strukturen, deenen hir d'Form dacks Méint laang wéineg verännert. Si trieden dacks an der Géigend vu Sonneflecken op a ginn duerch staark Magnéitfelder verursaacht an an hirer Form gehalen. Dobäi fléisst Matière laanscht déi magnétesch Feldlinnen iwwer der Sonnenuewerfläch. Si killt of an erschéngt méi donkel wéi d'Ëmgéigend.
  • Eruptiv Protuberanzen (Koronal Massenauswërf, och aktiv Protuberanze genannt, dacks och allgemeng Sonneneruptioun) si Phenomeener, déi nëmmen e puer Minutten oder Stonnen daueren. Heibäi gëtt Matière mat bis zu 1.000 km/s vun der Sonn ewech geschleidert. Si entstinn heiansdo aus rouende Protuberanzen, déi no dem Ausbroch meeschtens nees hir al Form unhuelen.

Besonnesch staark Sonneprotuberanzen trieden ongeféier all 11 Joer op. Wärend dëser Zäit sinn an de Polgebidder vun der Äerd heefeg Polarliichter ze gesinn.

D'Observatioun vu Protuberanzen war bis virun e puer Joerzéngten nëmme wärend enger Sonnendäischtert méiglech, well d'Liichtkraaft vun dësen Eruptioune vill méi schwaach ass wéi déi vun der Photosphär. Zanter datt et Instrumenter gëtt, déi eng Aart kënschtlech Sonnendäischtert maachen, sinn jiddwerzäit Observatiounen a Miessunge méiglech. Beispiller sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prominence – Biller, Videoen oder Audiodateien