Spektrograph

Vu Wikipedia
Horizontale Solar-Spektrograph um tschecheschen Astronomeschen Institut zu Ondřejov, Tschechesch Republik.

E Spektrograph ass en optescht Instrument, dat d'Liicht vu verschiddene Wellelängten a säi Spektrum zerleet, d. h. a seng verschiddene Faarwen opgedeelt, an de Spektrum mat Hëllef vun Detektere registréiert. D'Wellelängt vum Liicht gëtt mat Hëllef vun opteschen Elementer, déi Dispersiounseegeschaften hunn opgedeelt. Dat geschitt meeschtens mat Hëllef vu Prismen, optesche Gitteren oder mat engem sougenannte Grism, dat e Gitter an e Prisma an engem Element kombinéiert.

Spektrographen déngen ënner anerem als Observatiounsinstrumenter an der Astronomie, fir Liicht vu Stären oder Galaxien, dat aus engem Teleskop erauskënnt a säi Spektrum ze zerleeën, an op en Detekter ze leeden.

Sou Detektere ware fréier meeschtens Fotoplacken a Filmer. Haut gi virun allem CCD-Elementer fir den Zweck vum Noweis vum Spektrum gebraucht.

Instrumenter fir visuell Observatioun vu Spektren heesche Spektroskopen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]