Compton Gamma Ray Observatory
Compton Gamma Ray Observatory | |
---|---|
Orbiter | |
Apogeum | 453 km |
Perigeum | 448 km |
Bunnschréi | 28,5° |
Bunn-Ëmlafzäit | 93,6 min |
Mass | 15620 kg |
Ofmiessungen | 9,1 m Héicht, 21,3 m Spanwäit |
Start | 5. Abrëll 1991, 14:22 UTC |
Startplaz | Kennedy Space Center LC-39B |
Drorakéit | Space Shuttle Atlantis |
Status | ofgestierzt de 4. Juni 2000 |
Agentur | NASA |
De Compton Gamma Ray Observatory (CGRO) war e Weltraumteleskop fir Gammaastronomie.
Deen ufanks nëmmen als Gamma Ray Observatory (GRO) genannte Satellit gouf mat der STS-37-Missioun vum Space Shuttle Atlantis de 5. Abrëll 1991 gestart. Mat iwwer 15 Tonne war et de schwéierste wëssenschaftleche Satellit, dee bis dohi vum Space Shuttle an eng Äerdëmlafbunn bruecht gouf. No e puer Méint gouf hien zu Éiere vum Physiker an Nobelpräisdréier Arthur Holly Compton a Compton Gamma Ray Observatory ëmbenannt.
CGRO war dat zweet vu véier weltraumgestëtzten Teleskopen, dat vun der NASA am Kader vum "Great Observatory Programm" geplangt gouf. Déi aner Satellitte vun deem Programm sinn d'Hubble-Weltraumteleskop, d'Chandra-Teleskop an d'Spitzer-Weltraumteleskop.
Instrumenter
[änneren | Quelltext änneren]D'Instrumenter vum CGRO hu mat 20 keV bis 30 GeV e wäite Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum ofgedeckt. Instrumenter u Bord waren:
- Burst and Transient Source Experiment (BATSE): Dëst vum Marshall Space Flight Center vun der NASA entwéckelt Instrument hat am Energieberäich 20 bis 600 keV no Gammablëtzer gesicht. Mat aacht Detekteren op all Eck vum Satellit konnt et de ganzen net vun der Äerd verdeckten Deel vum Himmel observéieren.
- Oriented Scintillation Spectrometer Experiment (OSSE): Dëst vum Naval Research Laboratory entwéckelt Instrument bestoung aus véier onofhängeg beweeglechen Detektere fir de Beräich 0.05 bis 10 MeV, optiméiert fir Observatioune vu séier verännerleche Quellen a vum ugrenzenden Hannergrond.
- Imaging Compton Telescope (COMPTEL): Dëst vum Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik, SRON Utrecht, ESA an der Universitéit vun New Hampshire entwéckelt Instrument hat am Energieberäich vun 1 bis 30 MeV e Gesiichtsfeld vun engem Steradiant observéiert. Ënner Ausnotzung vum Compton-Effekt konnten d'Positioune vun den observéierte Gammaquellen op 5 bis 30 Bouminutte genee festgestallt ginn.
- Energetic Gamma Ray Experiment Telescope (EGRET): Mat dëser vum Goddard Space Flight Center, Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik a Stanford University entwéckelten Fonkekummer fir den Energieberäich 20 MeV bis 30 GeV konnte Quellepositiounen op ongeféier ee Grad genee an d'Energië vun de Gammaphotonen op ongeféier 15 Prozent genee bestëmmt ginn.
Resultater
[änneren | Quelltext änneren]Zu de bekanntste Resultater vum CGRO gehéieren:
- Déi éischt Himmelsduerchmusterung bei iwwer 100 MeV Energie. Mat EGRET goufen dobäi 271 Quellen entdeckt.
- Eng Himmelskaart an der Emissioun radioaktiven Aluminium (26Al) duerch COMPTEL.
- 2000 Miessunge vu Gammablëtzer mat BATSE. Hir gläichméisseg Verdeelung um Himmel deit un, datt si net an der Mëllechstrooss, mä an anere Galaxien ausgeléist goufen.
- Ënnerscheedung vu Gammablëtzer an zwou Klassen – laang a kuerz.
- Entdeckung vu Blazaren als Haaptquell vun héichenergetescher Gammastralung.
- Entdeckung vu schwaachen terrestresche Gammastrale vu Wiederen.
Ofstuerz
[änneren | Quelltext änneren]Den CGRO war schonn wäit iwwer seng Liewensdauer vu fënnef Joer, wéi de 6. Dezember 1999 ee vun de Gyroskope vun der Lagreegelung versot hat. De Verloscht vu engem weidere Gyroskop hätt de Satellit onsteierbar gemaach. D'NASA hat sech dunn entschloss, den Teleskop kontrolléiert iwwer dem Pazifik ofstierzen ze loossen. D'Mass vum CGRO hat zu deem Zäitpunkt nach 14.910 kg. De 4. Juni 2000 ass de Satellit dunn an d'Mier gefall. Et hat sech dobäi ëm déi éischt Kéier gehandelt, wou d'NASA e Satellit kontrolléiert zum Ofstuerz bruecht hat.