Blazar

Vu Wikipedia

Blazaren (Neologismus aus „BL Lacertae“ a „Quasar“ munnechmol och Blasaren[1]) sinn eng Ënnerklass vun den aktive galaktesche Käre mat ganz héijer Emissioun vu Stralenenergie resp. Deelercher am Verglach mat anere Galaxien. Weider Ënnerklasse si Radiogalaxien, Seyfertgalaxien a Quasaren.[2] Et gëtt ugeholl, datt sech d'Blazare vun aneren aktive galaktesche Kären duerch d'Observatiounsrichtung ënnerscheeden, déi bei de Blazare mat der Richtung vu relativisteschen Jets zesummefält.

Bei Blazaren handelt et sech ëm héichenergetesch galaktesch Objeten, aus deenen hiren Zentere bis zu 50 Prozent vun der ofgetruedener Stralung aus der Galaxis kënnt. Momentan gëllt d'Usiicht, datt déi ausgestraalt Energie vun der scheiwefërmeg ugeuerdneter Matière verflitt, déi e supermassiivt Schwaarzt Lach an der Kärzon transforméiert resp. am komplexe Prozess vun der Akkretioun an dem „Verschléngen“ aktivéiert. D'Energiestralung (Jetstral) steet vertikal zu der Schicht vum Matièrestroum. Bei de Blazare variéiert d'Emissioun vun der Stralungsenergie resp. den Deelercher méi staark a méi séier wéi bei Quasaren (banne Stonne bis Wochen). Si kommen eis vir wéi eng punktfërmeg Liichtquell, staark polariséiert a bal fräi vu Spektrallinnen. Déi éischt Beschreiwung vun dësen Objeten hat am Ufank vun den 1960er Joren de Benjamin Markarjan gemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1]
  2. Vgl. z. B. Gaurang Yodh: Very high-energy gamma ray detectors, in: Beam Line 28/3 (1998), 12-23, hei 20 (ze kucke bei Google Books).