Benjamin Markarjan
| Benjamin Markarjan | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
29. November 1913 jul. Shaumiani |
| Gestuerwen |
30. September 1985 Eriwan |
| Nationalitéit | Russescht Keeserräich, UdSSR |
| Educatioun | Staatlech Universitéit Jerewan |
| Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
| Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
| Member vun | International Astronomesch Unioun |
| Gielercher | Stalinpräis |
| Famill | |
| Geschwëster | Maro Marġaryan |
|
| |
De Benjamin Markarjan, gebuer den 29. November 1913 zu Schulawer, haut Schahumjan a Georgien, a gestuerwen den 29. September 1985, war en armeeneschen Astrophysiker.
De Markarjan huet vun 1946 un am Byurakan-Observatoire geschafft an Theorien iwwer d'Stäregenesis, Galaxiëkéip a Superkéip opgestallt. Allgemeng huet hie sech mat Stärenassociatioune befaasst an den éischte systematesche Katalog mat O-Associatioune publizéiert. Fir déi Aarbechte krut hien 1950 zesumme mam Viktor Hambarzumjan de Stalinpräis.
An den 1960er Joren huet hien eng Grupp vu Galaxië mat aktive Kären, déi e besonnesch hellt, blot Liicht mat engem héijen UV-Kontinuum aus dem Zentrum ofginn (Seyfertgalaxien, Blasaren a Quasaren) intensiv observéiert. Hien huet sou Objeten an engem Katalog zesummegefaasst, deen haut den Numm Markarjan-Katalog huet a ronn 1500 Objete faasst.
An den 1970er Joren huet hien en ettlech Galaxië vum Virgo-Galaxiëkoup observéiert, déi spéider den Numm Markarjan-Kette kruten.
