Byurakan-Observatoire
|
D'Gebai vum Cassegrain-Teleskop am Hannergrond an den 1m-Schmidt-Teleskop vir um Bild | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | 123 |
| Datum vum Bau | 1946 |
| Websäit | https://bao.am |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Armenien |
| Koordinaten | 40°19'49"N, 44°16'24"O |
| Héicht | 1.405 m |
|
| |
De Byurakan-Observatoire oder Astrophysikaleschen Observatoire Bjurakan ass en Observatoire vun der Armeenescher Akademie vun de Wëssenschaften. E steet um Bierghank Aragaz an Armenien op enger Héicht vu 1.500 Meter.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Observatoire gouf 1946 vum Viktor Ambartsumian gegrënnt a war ee vun den Zentre fir d'Astronomie vun der Sowjetunioun. Vun der Fuerschungsariichtung goufe besonnesch Stärekéip, d'Beweegungskéip entdeckt (1947), iwwer dausend Flackerstären, Dosende Supernovaen, Honnerte vun Herbig-Haro-Objeten an Niwwelen an Honnerte vu Galaxien. Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun huet den Observatoire seng Sponsore verluer. 1964 an 1971 goufen am Byurakan-Observatoire SETI-Konferenzen ofgehalen.[1]
Ariichtung
[änneren | Quelltext änneren]Den Haaptteleskop vum Observatoire ass e Cassegrain-Spigelteleskop, mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 2,6 Meter. Donieft gëtt et zwéi kleng Schmidt-Teleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,0 Meter an 0,5 Meter.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Byurakan SETI conferences (1964 and 1971) daviddarling.info; bao-history bao.am/history, abgerufen am 19. Juli 2010
