Stärenassociatioun

Vu Wikipedia

Als Stärenassociatioun bezeechent een an der Astronomie eng lasse Gruppéierung vu 5 bis 100 jonk Stären, där hir Membere physikalesch Eegenschaften hunn déi sech gläichen. Si sinn am Allgemengen nëmme wéineg géint en Zentrum verdicht – soudatt si sech munnechmol kaum vum Stärenhannergrond ofhiewen – an dofir gravitativ net oder kaum uneneen gebonne sinn. Wa se zimmlech déi selwecht Beweegungsrichtung hunn, kann ee se och zu de Stärestréim zielen.

Grousse Bier an aner Stärestréim[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dëse Stäregruppen, vun deenen een haut e puer Dose kennt, war déi sougenannt Bieregrupp eng vun deenen éischten, déi entdeckt an ënnersicht goufen. Fënnef vun de siwen Haaptstäre vum Stärebild Ursa Major, déi de „Grousse Woon“ formen, hunn net nëmme bal déi selwecht Hellegkeet a Gréisst, mä och déi gläich Beweegungsrichtung relativ zu der Mëllechstrooss. De Courvoisier hat 1915 nach weider 6 Stäre vun dësem Stärestroum; zwéi leien souguer um Südhimmel, wouraus ze schléissen ass, datt eist Sonnesystem am Ëmkrees vun dëser Grupp läit, obwuel et net dozou gehéiert.

D'Membere vu Stärenassociatiounen hu sech meeschtens wärend engem vergläichswäis kuerzem Zäitraum an engem kollektiven Stäregenesissgebitt entwéckelt. Hir relativ heefeg Glidderung an eenzele Stärereie kënnt mat der gruppeweiser Genesis an "Elefanterüsselen" vun der originärer Gaswollek zesummenhänken. Eng Stärenassociatioun ass déi labber Form vun engem Oppene Stärekoup, an där d'Stären am mannsten uneneegebonne sinn, soudatt si sech am Laf vun der Zäit duerch Kräfte bannent dem Mëllechstroossesystem zerstreeën.

Aarte vun Associatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Unhand vu bestëmmte Krittäre gi Gruppe vu Stärenassociatiounen ënnerscheet:

  • OB-Associatioun (och O-Associatioun)
    Eng OB-Associatioun besteet virun allem aus gliddege Stäre vun de Spektralklassen O a B. Et gëtt ongeféier 70 Associatiounen, z. B. am Stärebild Perseus a bei der Orionceinture.
  • T-Associatioun
    Eng T-Associatioun besteet virun allem aus Stäre vu verännerlechen Typpe wéi T Tauri. Dës ganz jonk Stäre hunn nach net den Zoustand vun der Haaptrei erreecht, si sinn also nach net am banneschte Gläichgewiicht. Eng bekannt T-Associatioun läit am Ëmfeld vun den Trapezstären am Orion).
  • R-Associatioun
    Eng Usammlung vu Stäre mat engem Alter vun ëm 1 Millioun Joer, déi an e Reflexiounsniwwel agebett sinn. Den Niwwel besteet aus der Matière, aus deenen och d'Stäre geschaf sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Zimmermann, Alfred Weigert: Lexikon der Astronomie. Spektrum, Heidelberg 1999, ISBN 3-8274-0575-0
  • L. Courvoisier: Über die Bahnkrümmung des Sternsystems Ursa major. Astr.Nachrichten Band 202, Berlin 1915; siehe auch [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie