Reflexiounsniwwel

Vu Wikipedia
Merope-Niwwel vum Barnard (IC 349), e Reflexiounsniwwel an de Plejaden - Foto: NASA

Mat Reflexiounsniwwel bezeechent een an der Astronomie Wolleke mat interstellarem Stëbs (Niwwel), déi d'Liicht vun engem oder méi Nopeschstäre reflektéieren.

D'Stäre sinn dobäi net waarm genuch, fir d'Material ze ioniséieren, wéi dëst bei Emissiounsniwwelen de Fall ass, bewierken also keen Eegeliichte vum Niwwel. Dogéint gëtt d'Stäreliicht duerch déi mikroskopesch Niwwelpartikel gestreet, wouduerch den Niwwel selwer iwwerhaapt eréischt fir eis siichtbar gëtt; den Spektrum vum Reflexiounsniwwel gläicht dofir deem vun den ustralende Stären. Ënner den Niwwelpartikele si vill Kuelestoffverbindungen (ë. a. Diamantestëbs), awer och aner Elementer, besonnesch Eisen an Néckel. De Néckel riicht sech heefeg no dem galaktesche Magnéitfeld aus a bewierkt doduerch eng liicht Polarisatioun vum Streeliicht (Kaler, 1998). D'Ënnerscheedung vun de béiden Niwweltyppe geet op den Edwin Hubble zeréck (1922).

Reflexiounsniwwelen erschénge meeschtens blo, well blot Liicht méi staark gestreet gëtt wéi roudes (en änlechen Effekt suergt fir déi blo Faarf vum Himmel).

Reflexiouns- an Emissiounsniwwele kënnen dacks zesummen observéiert ginn a gi munnechmol zesummegefaasst als diffusen Niwwel bezeechent. Beispiller dofir sinn den Omeganiwwel M 17 an den Orionniwwel M 42.

Ronn 500 Reflexiounsniwwele si bis elo bekannt. Besonnesch grandios sinn déi bloelzeg Reflexiounsniwwelen, ronderëm d'Stäre vun de Plejaden M 45. Och blo erschéngt den Trifidniwwel M 20. Ëm de roude Ris Antares läit de grousse roude Reflexiounsniwwel Ced 132.

Am Joer 1922 publizéiert den Hubble d'Resultater vun sengen Ënnersich vu Gasniwwelen (bright nebulae). En Deel vun dëser Aarbecht ass das hubblescht Liichtstärkegesetz fir d'Reflexiounsniwwel (Hubble luminosity law for reflection nebulae), dat e Bezuch tëscht der visueller Gréisst R vum Niwwel an der visueller Magnitude m vum associéierte Stär hierstellt:

5 log (R) = -m + k,

woubäi k eng Konstante ass, déi vun der Empfindlechkeet vun de Moossinstrumenter ofhängt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • James B. Kaler: Kosmische Wolken. Materie-Kreisläufe in der Milchstraße. Spektrum Akademischer Verlag, 1998.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reflexionsnebel – Biller, Videoen oder Audiodateien