Interstellare Stëbs

Vu Wikipedia

Den interstellare Stëbs ass en Deel vum interstellare Medium, dat weider och nach aus neutralem/ioniséiertem Gas, Moleküllen, Stralung a Magnéitfelder besteet. Deemno wou se hier sinn, ënnerscheet een nieft interstellarem Stëbs och interplanetareschen, planetareschen a galaktesche Stëbs. Den interstellare Stëbs mécht sech haaptsächlech duerch Extinktioun bemierkbar, besonnesch bannenzeg vun der galaktescher Scheif vun der Mëllechstrooss. Weider ass de Stëbs duerch seng Infraroutemissioun direkt noweisbar.

D'Stëbsdeelercher hunn e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 0,3 µm, allerdéngs mat groussen Differenzen. Déi genee Verdeelung vun de Stëbsduerchmiesserdeelercher ass nach onbekannt. D'Dynamik vum Wuesstem (duerch Ulagerung vun zousätzlechem Material) an Zerstéierung (duerch Supernova-Stousswellen) vu Stëbsdeelercher ass och nach onbekannt. Et gëllt awer awer als geséchert, datt Stärestëbs nëmmen e ganz klengen Deel zum interstellare Stëbs liwwert, d. h. datt deen haaptsächlech direkt an der interstellarer Matière entsteet.

D'cheemesch Zesummesetzung gëtt bestëmmt, andeems een d'Elementheefegkeeten am interstellare Gas bestëmmt a mat den Elementheefegkeeten an der Sonn vergläicht. Wa bestëmmt Elementer am Gas ugeräichert sinn, da si se héchstwarscheinlech am Stëbs kondenséiert. Zu den Haaptbestanddeeler vum interstellare Stëbs zielen:

Et geet een dovun aus, datt interstellar Stëbsdeelercher däitlech vun der idealiséierter Kugelform ofwäichen. Ausserdeem hu se warscheinlech bis zu 40 % (Volumen) Vakuumaschlëss.

Typesch Stëbstemperature leien am Beräich vu 50 bis 100 Kelvin. Stëbswolleken a kal Moleküllwolleken (Temperaturen ongeféier 10 bis 20 Kelvin) sinn déi wichtegst Stäregenesisgebidder. Weider gëtt et nach Reflexiounsniwwelen, dat si Stëbswolleken, déi d'Liicht vun noe Stäre reflektéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J. Binney & M. Merrifield, Galactic Astronomy (Princeton Series in Astrophysics), 1998
  • D. C. B. Whittet, Dust in the Galactic Environment (Graduate Series in Astronomy)
  • Mayo J.Greenberg: The cosmic dust connection.Kluwer, Dordrecht 1996, ISBN 0-7923-4365-4
  • Gorden Videen: Optics of cosmic dust. Kluwer, Dordrecht 2002, ISBN 1-4020-0819-8
  • Edmond Murad, Iwan P. Williams: Meteors in the earth's atmosphere - meteoroids and cosmic dust and their interactions with the earth's upper atmosphere. Cambridge Univ.Press, Cambridge 2002, ISBN 0-521-80431-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]