Orionniwwel

Vu Wikipedia
Orionniwwel
Lëtzebuerger Numm Orionniwwel
Engleschen Numm Orion Nebula
Katalogbezeechnungen NGC 1976 + 1982
M 42+43
Rektaszensioun 5h 35m 24s
Deklinatioun −05° 27'
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude +4,0m
Distanz ~1500 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 85 × 60 Bouminutten
Absolutten Duerchmiesser ~25 Liichtjoere
Stärebild Orion

Den Orionniwwel ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Orion a besteet aus den Eenzelobjeten M 42 (am Süden) an M 43 (am Norden) (och als NGC 1976 souwéi 1982 bekannt). Duerch seng visuell Magnitude vu 4,0m a senger zimmlech grousser Ausdeenung um Stärenhimmel ass hie mat bloussem A als Deel vum Schwäert vum Orion ze gesinn. Den Orionniwwel ass eng aktiv Stäregebuertsplaz an der galaktescher Noperschaft vun eiser Sonn. D'Distanz vun eisem Sonnesystem ass zirka 460 Parsec (1500 Liichtjoer), den Duerchmiesser zirka 7,5 Parsec (25 Liichtjoer).

Entdeckung a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am Mëttelalter hunn déi arabesch Astronomen den Orionniwwel observéiert, an hunn him den Numm „Na'ir al Saif“ (Den Hellen am Schwäert) ginn, woumat heiansdo och de Stär Iota Orionis gemengt ass.

Vun europäeschen Astronome gouf den Orionniwwel fir d'éischt 1610 vum Nicolas-Claude Fabri de Peiresc dokumentéiert. Et kann een awer dovun ausgoen, datt de relativ hellen Niwwel scho méi fréi observéiert gouf.

De Charles Messier huet den Niwwel fir d'éischt de 4. Mäerz 1769 gesinn an huet en a säi Katalog opgeholl.

Spektroskopesch Observatiounen duerch de William Huggins hunn am Joer 1865 déi gasaarteg Natur vun der Niwwelregioun bewisen. Den Henry Draper huet 1880 déi éischt Foto vum Niwwel gemaach.

Den US-amerikaneschen Astronom Edward Singleton Holden huet Enn vum 19. Joerhonnert eng Aarbecht geschriwwen an där hien nogewisen huet, datt den Orionniwwel zanter Mëtt vum 18. Joerhonnert wuel net seng Form, awer seng Hellegkeet geännert huet.

Amateurastronomesch Foto vum Orionniwwel

Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am beschte kann een den Orionniwwel am Wanter observéiere wann e spéit am Owend opgeet a bis zur Mueresdämmerung um Himmel steet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Orionniwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie