Messier 43
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen

M43 ass den nërdlechen Deel vum groussen Orionniwwel, iwwer der donkeler Stëpsspur
De Messier 43 (och NGC 1982 oder De Mairans Niwwel genannt) ass e Gasniwwel am Stärebild Orion mat enger Hellegkeet vu +9,00 mag, deen een Deel vum Orionniwwel duerstellt. Den Niwwel huet eng Wénkelausdehnung vun 20,0' × 15,0', nërdlech vum Messier 42 (Orionniwwel).
Den Niwwel gouf fir d'éischt am Joer 1731 vum Fransous Jean-Jacques Dortous de Mairan dokumentéiert. De Charles Messier huet dem Niwwel a sengem Katalog eng eege Katalognummer ginn.
Den Emissiounsniwwel ass ronderëm de verännerleche Stär NU Orionis (HD 37061) a gëtt vun him beliicht. D'Gaswollek ass wéi de Rescht vum Orionniwwel eng HII-Regioun.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 5h 35m 30s
- Deklinatioun: -05° 16' 00"
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- (en) http://www.seds.org/messier/m/m043.html M43 bei SEDS]
- (en) Virtuelle Tour bei Hubblesite.org (flash)
Commons: Messier 43 – Biller, Videoen oder Audiodateien |