Op den Inhalt sprangen

Messier 99

Vu Wikipedia
Date vum Messier 99
Foto opgeholl vum VLT vum ESO; gezeechent sinn déi metallräich Regiounen.
Stärebild Coma Berenices (Com)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 12h 18m 49.52s
Deklinatioun + 14° 25' 0.4
Ausgesinn
Hubble SA(s)c
magV +9,7 mag
magB +10,4 mag
Flächenhellegkeet 13,0 mag
Wénkelduerchmiesser 5.4/4.7
Gehéiert zu Virgo-Galaxiëkoup
Physikalesch Daten
Distanz 60 Mio. Lj
Routverrécklung (8029 ± 10)  10−6
Heliozentresch radial relativ Vitess (+2399 ± 6)
Mass ?
Geschicht
Entdecker Pierre Méchain
Entdeckungsjoer 15. Mäerz 1781
Katalogbezeechnungen
GC  2838, HIPASS J1218+14, h 1173, IRAS 12162+1441, 2MASX J12184962+1424593, MCG +3-31-99, Messier-Katalog 99, NGC  4254, PGC 39578, UGC 7345, VCC 307, ZWG 99.11 / 98.144.

De Messier 99 (och NGC 4254 genannt) ass eng +9,7 mag hell Spiralgalaxie mat enger Flächenausdeenung vu 5,4' × 4,7' am Stärebild Coma Berenices.

Den M99 gouf de 15. Mäerz 1781 zesumme mat den Nopeschspiralgalaxien M98 an M100 vum Pierre Méchain entdeckt. Si war no der Whirlpool-Galaxie M51 déi zweet Galaxie, bei där eng Spiralstruktur entdeckt gouf, an zwar vum Lord Rosse am Joer 1846. Säi Kommentar zu senger Entdeckung:[1]:

„Spirale mat engem helle Stär driwwer; En dënnen Deel vum Niwwel geet iwwer dëse Stär eraus. Haaptspiral läit ënnen an dréint no riets.“

Den M99 ass eng Galaxie vum Hubble-Typ Sc, déi mer bal frontal gesinn. Korjéis un der Gestalt vun der Galaxie ass awer hire verrutschte Kär, deen um Bild däitlech nërdlech vum Zentrum läit. D'Galaxie läit um nërdleche Rand vum Virgo-Galaxiëkoup an der Géigend vun der Spiralgalaxie M98. Et gëtt ugeholl, datt de verrutschte Kär an déi béid Galaxien déi no beiennee leien, keen Zoufall sinn, mä datt se sech bei engem Laanschtfluch an der Vergaangenheet géigesäiteg gehënnert hunn.[2] Dës Spekulatioun gëtt zousätzlech duerch d'Tatsaach vergréissert, datt béid Galaxien entgéintgesat an zugläich héich Pekuliarvitessen hunn.

Ënnersich vun engem Team vum Pierre-Alain Duc[3] am Joer 2007 hunn erginn, datt d'Galaxie M98 (NGC 4192) net nëmme fir d'Deformatioun vum M99 verantwortlech ass, mä och fir déi als Prototyp vun Donkele Galaxië gefouert Struktur VirgoHI21 [4]. No den Ënnersich war den M98 viru 750 Millioune Joer mat enger Relativvitess vun 1.125 km/s no laanscht den M99 geflunn, an huet deem dobäi vill Waasserstoff entzunn, deen elo seng d'Struktur bilt.

Portal Astronomie

Commons: Messier 99 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (Iwwersetzung aus dem Engleschen no [1])
  2. [2]
  3. [3]