Two Micron All Sky Survey

Vu Wikipedia
Aus dem 2MASS-Punktquellekatalog opgestallte galaktesche Panorama an Aitov-Projektioun

An der Infraroutastronomie ass den Two Micron All Sky Survey (kuerz 2MASS genannt) eng wichteg Duerchmusterung vum ganze Himmel am noen Infrarout bei Wellelängte vun 1,25 Mikrometer (am J-Band), 1,65 Mikrometer (am H-Band) an 2,17 Mikrometer (am Ks-Band).

2MASS gouf mat zwéi besonnesch dofir agerichteten automatiséierten 1,3-m-Teleskopen gemaach, an zwar fir den Nordhimmel um Fred-Lawrence-Whipple-Observatoire an Arizona a fir de Südhimmel um Cerro Tololo Inter-American Observatory am Chile. D'Teleskopen hunn Kamerae mat dräi Kanäl, mat engem 256×256 HgCdTe-Detekter fir all déi dräi Wellelängten. D'Observatiounen hunn 1997 ugefaangen a waren 2001 fäerdeg. 2MASS ass e gemeinsame Projet vun der University of Massachusetts (UMASS) an dem Infrared Processing and Analysis Center (IPAC) um California Institute of Technology.

2MASS mécht ganz grouss an homogeen Datesätz, déi fir vill astronomesch Problemer vu Bedeitung sinn. Dozou gehéieren:

  • En digitalen Atlas vum ganzen Himmel am noen Infrarout mat enger Opléisung vu 4 Bousekonnen
  • E Punktquellekatalog mat Positiounen an Hellegkeete fir ronn 470 Millioune Stären an aner net opgeléist Objeten
  • E Katalog mat vill Quelle mat Positiounen an Hellegkeete fir ronn 1,6 Millioune Galaxien an aner grouss Objeten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]