Op den Inhalt sprangen

Fred Lawrence Whipple-Observatoire

Vu Wikipedia
Fred Lawrence Whipple-Observatoire
Typ Forschungsinstitut, Astronomeschen Observatoire
Proprietär Smithsonian Astrophysical Observatory
Datum vum Bau 1966
Opgaangen 1968
Websäit http://linmax.sao.arizona.edu/help/FLWO/whipple.html
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Koordinaten 31°40'52,0"N, 110°52'40,8"W
Héicht 2.606 m
Ee vun den 12 m-VERITAS-Teleskopen

De Fred-Lawrence-Whipple-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire am Besëtz vum Smithsonian Astrophysical Observatory; et ass seng gréisst Nieweplaz a läit an der Géigend vun Amado am Arizona op den Hiwwele vum Mount Hopkins. E gouf 1968 gegrënnt.

Den Observatoire logéiert och den MMT-Observatoire, deen zesumme mat der University of Arizona bedriwwe gëtt an e Spigelteleskop mat engem Duerchmiesser vu 6,5 m huet.

Weider Teleskope sinn

  • en 1,5 m Spigelteleskop,
  • en 1,2 m Spigelteleskop,
  • souwéi en 1,3 m Spigelteleskop.

De leschte mam Numm PAIRITEL (Peters Automated IR Imaging Telescope) gouf fréier fir d'Two Micron All Sky Survey (2MASS) agesat.

Op deem Terrain steet och den Infrared optical telescope array (IOTA), dee vu villen Instituter benotzt gëtt, an den Hungarian Automated Telescope (HAT).

Den Observatoire gouf bei den Ënnersichunge vun astronomescher héichenergeetescher Gammastralung bekannt, beispillsweis 1984 mat der Entwécklung vum Tscherenkow-Teleskop (Imaging Atmospheric Cherenkov Telescope, IACT).

Véier Kilometer ëstlech steet de Very Energetic Radiation Imaging Telescope Array System (VERITAS), e Gammastralungsobservatoire. Dee besteet aus véier 12 m Teleskopen.

Portal Astronomie

 Commons: Fred Lawrence Whipple-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]