Quecksëlwer-Cadmium-Tellurid

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Quecksëlwer-Cadmium-Tellurid (engl. mercury cadmium telluride, MCT) ass d'Bezeechnung fir eng ternär Hallefleederverbindung aus Cadmiumtellurid a Quecksëlwertellurid.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Bandofstand als Funktioun vum Cadmiumundeel bei verschiddenen Temperaturen.

MCT gëtt als Ausganksmaterial fir Infraroutsensoren agesat. E Beispill dofir ass d'High-Resolution Instrument vun der Raumsond Deep Impact. De Cadmiumundeel un Hg(1−x)CdxTe bestëmmt de Bandofstand an domat d'Wellelängtempfindlechkeet. Jee no Zesummesetzung kann domat d'Cut-off-Wellelängt veréckelt ginn. Bei 0 % Quecksëlwer (also CdTe) ass de Bandofstand maximal 1,5 eV.

Et gouf fir d'éischt am Joer 1958 vun enger Fuerschergrupp an England synthetiséiert. Opgrond vun der Linearitéit vum photoelektromagnéiteschen Effet vun der Magnéitfeldstäerkt kënnen Dënnfilm-Sensore vun dësem Typ och fir konstruktiv einfach Magnéitometer mat klenger Zäitkonstant agesat ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]