Diffusen Niwwel

Vu Wikipedia
Den Orionniwwel (M42): dee bekanntsten diffusen Niwwel.

Diffus Niwwele si Wolleken aus interstellarer Matière, also dënn a wäitverstreet Usammlunge vu Gas a Stëbs. Zu hinnen zielen d'Emissiounsniwwelen an d'Reflexiounsniwwelen. Am Géigesaz zu de planetareschen Niwwelen sinn diffus Niwwelen onreegelméissg geformt a ginn net zwangsleefeg vun engem eenzegen, mä meeschtens vu ville Stären un d'Liichte bruecht. Wann diffus Niwwele grouss a masseräich genuch sinn, si se heefeg Stäregebuertsplazen a maache sou grouss Stärenassociatiounen oder Stärekéip. E puer vun dëse jonke Stäre sinn dacks ganz masseräich a sou waarm, datt hir héich Stralungsenergie de Gas ëm den Niwwel (meeschtens Waasserstoff) zum Liichten ureege kann. Déi Niwwele ginn Emissiounsniwwele genannt. Wann d'Stären net waarm genuch sinn, da gëtt hiert Liicht vum Stëbs aus der Ëmgéigend reflektéiert a kann als wäiss oder blo Reflexiounsniwwelen observéiert ginn. Déi diffus Niwwele selwer kënne bis zu 100.000 Sonnemassen u Matière enthalen.

Dee wuel bekanntsten an hellsten diffusen Niwwel ass den Orionniwwel och M 42 genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie